Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch
Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.
Déi 84. Skoda Tour de Luxembourg d’läscht Woch war e grousse sportlechen Erfolleg. D’Vëlos
Profien an hier Equippe ware méi wéi zefridden, de Public begeeschtert an och d’Organisatioune
gouf vun alle Säite gelueft. Doriwwer eraus huet dëse Sports-Event dem Land eng Tribün no bausse
verschaaft déi net ze ënnerschätzen ass.
D’Organisateuren hunn e ganz positive Bilan no der Course gezunn, mee och bemierkt, dass et un
der adäquater Unerkennung a Wäertschätzung feelt, dass si fir d’Zukunft op méi eng grouss
finanziell Ënnerstëtzung ugewise wieren a méi Feedback aus de Ministère bréichten.
Dozou wollt ech de Sportminister froen, ob a wéi d’Regierung an am Besonneschen de
Sportministère an Zukunft wëll de Skoda Tour de Luxembourg méi staark ënnerstëtzen, fir dës
grouss Sportsmanifestatioun weider Zoulaf kritt a Lëtzebuerg doduerch nach méi staark no bausse
promouvéiert gëtt?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz – Députée
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27545