QP n°1236 – Aschoulung vu Kanner, déi eng DPI gestallt hunn

Här President,

sou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend
parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
Zu Lëtzebuerg herrscht Schoulflicht fir all Kanner. Eisen Informatiounen no ginn et am Norde vum Land Fäll vu mannerjärege Jugendlechen, déi als Mineurs non-accompagnés eng demande de protection internationale gemaach hunn, an aktuell net ageschoult sinn. Wéinstens deelweis soll et sech ëm Jugendlecher handelen, déi a Foyeren vun der Caritas a vun aneren Träger wunnen.
An deem Kontext géinge mir den Häre Ministere gär follgend Froe stellen:

– Wéi erkläert d’Regierung, datt et ëmmer nees Fäll gëtt vu Kanner, déi eng Demande fir Protection
internationale gestallt hunn, déi net beschoult ginn? Wéi eng Moossnamen musse Träger vun de
Foyeren huelen, fir esou Fäll ze verhënneren?
– Wéi eng Moossnamen hëlt d’Regierung generell fir sécherzestellen, datt all Kanner déi eng
Demande fir Protection internationale gestallt hunn, hei zu Lëtzebuerg beschoult ginn?
– Wéi vill mannerjäreg Demandeure vu protection internationale, opgeschlësselt no mineurs
accompagnés a mineurs non-accompagnés, sinn aktuell dëst Joer a waren déi lescht 5 Joer net
fir d’Rentrée ageschoult ginn, obschonns si virdru schonn zu Lëtzebuerg gelieft hunn oder
souguer schonn hei beschoult gi sinn? Ass et méiglech dës Donnéeën och no de Regioune vum
Land opzeschlësselen an deenen déi betraffe wunnen?
– Wat war déi lescht 5 Joer déi statistesch Verdeelung vun der Dauer vun der Waardezäit fir
d’Aschoulung vu Mannerjärege mat enger Demande de protection internationale?

Mat déiwem Respekt,

Paulette Lenert & Claire Delcourt – Députées

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27546

Facebook
Twitter