Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch
Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden. De Benevolat spillt an der Gesellschaft eng wichteg Roll. Ouni den Engagement vun de Fräiwëllegen wieren vill Aktivitéiten an Aktiounen net méiglech; eng ganz Partie Organisatiounen kéinten net fonctionnéieren.
An hierem Koalitiouns-Accord huet d’Regierung ugekënnegt, dass si de Benevolat besser wëll
ënnerstëtzen andeems déi verschidden Instrumenter an Offeren weider strukturéiert ginn. Dofir soll
en inter-ministerielle Comité an d’Liewe geruff ginn, dee soll Proposen ausschaffen fir de Benevolat
besser ze promouvéieren an d’Konditiounen ze verbesseren. Bei der Enquête iwwert de Benevolat, déi vun TNS-Ilres am Optrag vum Familljeministère duerchgefouert an am Fréijoer 2022 virgestallt ginn ass, goung ënnert anerem och Rieds vun enger besserer Ofsécherung an enger adequater Assurance Accident a Responsabilité civile fir Benevolen.
Dozou wollt ech dem Här Minister follgend Froe stellen:
– Wéi ass d’Fro vun der Ofsécherung an de Régime vun der Assurance Accident a Responsabilité
civile fir Benevollen am Moment am Sport gereegelt?
– Wéi eng Leit, wéi eng Géigestänn, wéi eng Beräicher an Aktivitéiten a wéi eng Risquen sinn
ofgeséchert?
– Wéi sinn punktuell Benevollen ofgeséchert, déi z.B. de Transport vun de Spiller matt assuréieren oder soss ronderëm Matcher oder Sportsmanifestatiounen eng Hand upaken oder och privat Material zur Verfügung stellen?
– Wien a wat ass iwwert d’Clibb respektiv d’Federatiounen ofgeséchert?
– Wien dréit d’Käschten vun dësen Assurancen?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz – Députée
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27597
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.