Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch
Fro un den Här Finanzminister an den Här Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung weiderzeleeden. An der Zeitung „Lëtzebuerger Wort“ vum 14. September 2024 hat d’Gemeng Esch-Sauer eng Annonce, déi de Public iwwert d’Méiglechkeet informéiert huet, Bauterrainen an hirem neie Quartier „Schmitzgaart“ zu Heischent kënnen ze kafen. E Joer virdrun, hat d’Gemeng Esch/Sauer schonn eng änlech Annonce an der Zeitung. De 27. Januar 2020 huet de Logementsministère iwwert den éischte Spuetestéch fir d’Infrastrukturaarbechte fir de Projet „Schmitzgaart“ informéiert deen an
Zesummenaarbecht tëschent der Gemeng zesumme mat der SNHBM sollt realiséiert ginn. An den
Terrains-Verkafsconditiounen bestëmmt d’Gemeng beispillsweis d’Dauer an der ee spéiderhin a senger
Immobilie muss wunnen ier een se, ouni eng Strof mussen ze bezuelen, erëm verkafen dierf.
D’Konditioune reegelen zwar e spéidert Virkafsrecht fir d’Gemeng am Fall vun enger Vente, den nationale Konsens dierft jo awer dora bestoen ëffentlech Terrainen, déi am Bauperimeter leien, net méi an déi privat Vente ze ginn.
An deem Kontext, hätt ech vum Minister gär Äntwerten op follgend Froen:
– Ass de Minister a Kenntnis vu weidere Gemengen, déi hir Terrainen um private Marché verkafe
fir Wunnengen ze bauen?
– Firwat sinn d’Terrainen net un en ëffentleche Promoteur, ewéi d’SNHBM oder de Fonds du
Logement, verkaf ginn? Firwat huet d’SNHBM net de ganze Projet iwwerholl?
– Falls d’Gemeng net vun hirem Virkafsrecht gebrauch mécht, dierf de Verkeefer vun der
Immobilie dës Wunneng dann erëm um private Marché weiderverkafen? Ass d’Regierung der
Meenung, dass dat am Sënn vun der ëffentlecher Wunnengsbaustrategie ass?
Mat déiwem Respekt,
Dan Biancalana – Député
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27627
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.