QP n°1328 – Non-Renouvellement vun engem Titre de séjour

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro
un den Här Inneminister weiderzeleeden. Rezent ass zu Lëtzebuerg eng administrativ Decisioun iwwert den Non-Renouvellement vun engem Titre de séjour vun engem iranesche Konschtfotograf geholl ginn, deen an der Zivilgesellschaft – a besonnesch an der Lëtzebuerger Kulturzeen – eng Partie grondleeënd Froen opgeworf huet. De Kulturminister huet eegenen Aussoen no an der Press eng éischte Kéier vun där Decisioun gelies.

An deem Kontext wéilt ech dem Minister dës Froe stellen :
– Wéi oft kënnt d’Commission consultative pour travailleurs indépendants zesummen ?
– Wéi vill Demandë leien der Commission consultative am Duerchschnëtt vir ? Wéi vill Demanden
si positiv respektiv negativ aviséiert ginn ?
– Ass et an der Vergaangenheet schonns virkomm dass de Minister den Avis net suivéiert huet ?
– Wat ass d’Definitioun vun enger ekonomescher Valeur am Kontext vu kënschtlerescher Aarbecht
? Op wéi eng Krittäre gëtt sech hei baséiert respektiv wéini erfëllt eng Persoun dës Krittäre ?
– Wat ass mat der « intégration dans le contexte économique national ou local » gemengt ?
– Firwat ass de Kulturministère vun der Commission consultative net ëm seng Aschätzung gefrot
ginn, obwuel de betreffende Règlement grand-ducal vum 5. September 2008 déi Méiglechkeet
virgesäit ?
– Firwat gouf déi Piste vum Direkter vun der Kulturfabrik (KUFA) net zeréckbehalen, dem iranesche
Kënschtler e Certificat à durée déterminée iwwert 6 Méint ze gi mat der Aussicht op en Openthalt
an enger Kënschtlerresidenz zu Buerglënster ?

Mat déiwem Respekt,

Taina Bofferding – Députée

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27639

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter