QP n°1343 – Protection contre le “phishing” et le “spoofing”

Här President,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Digitaliséierung, den Här Finanzminister an den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weiderzeleeden.
Ëmmer méi heefeg ass an der Press ze liesen, datt vill Leit zu Lëtzebuerg d’Affer vum Spoofing ginn. Call ID Spoofing ass eng Technik, wou d’Nummer, déi um Display vum Ugeruffenen erschéngt, gefälscht gëtt. Dat heescht, d’Nummer déi ugewise gëtt, ass net déi tatsächlech Nummer vum Uruffer. Eng aner gängeg Bedruchsmasch ass Phishing, wou d’Attack dacks mat enger E-Mail oder enger SMS vun enger angeeblecher staatlecher Institutioun oder enger grousser, vertrauenswürdeger Firma ausgeet. D’Zil ass, d’Leit dozou ze bréngen, op ee Link ze klicken an e Formulaire mat perséinlechen Donnéeën auszefëllen, wat de Kriminellen Zougang zu sensibelen Informatioune gëtt. Dës Attacke stellen e wichtege Sécherheetsproblem duer, kenne bedeitend finanziell Schied verursaachen a weisen op d’Komplexitéit vun der Koordinatioun tëschent Banken, Telekommunikatiounsbedreiwer an de staatlechen Autoritéiten hin.
An deem Zesummenhang wéilte mir follgend Froe stellen:
– Denkt d’Regierung driwwer no, e gemeinsame Service (“guichet unique”) ze schafen, deen
d’Reklamatioune vu Bierger am Zesummenhang mat digitalem Bedruch zentraliséiert, fir esou och
méi kohärent Donnéeën ze sammelen, fir sou d’Koordinatioun tëschent Banken,
Telekommunikatiounsbetreiber an den zoustännegen Autoritéiten ze verbesseren?
– Wéi eng nei Technologien oder Instrumenter plangt d’Regierung anzeféieren oder ze fërderen, fir
d’Detektioun an d’Preventioun vu Fraude wéi Phishing a Spoofing ze verbesseren?
– Gëtt et eng gesetzlech Obligatioun fir Banken, hir Clienten am Fall vun enger
Sécherheetsdefaillance géint finanziell Verloschter ze schützen an dës ze rembourséieren? Wann
dës Obligatioun net besteet, ass d’Regierung gewëllt, e legale Kader an dësem Beräich anzeféieren?
– Plangt d’Regierung, de gesetzleche Kader unzepassen, fir méi streng Obligatioune fir Banken an
Telekommunikatiounsbedreiwer anzeféieren, sou datt d’Preventioun an d’Detektioun vu Phishing-
a Spoofing-Attacke verbessert ginn?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz & Ben Polidori – Députés

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27654

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter