QP n°1344 – Kampf géinf Cyberkriminalitéit

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Digitaliséierung, d’Madamm Justizministesch an den Här Inneminister
weiderzeleeden.
D’Cyberkriminalitéit ass an de leschte Jore staark geklommen, besonnesch duerch déi staark Hausse vun ënnerschiddleche Bedruchsmaschen, wéi zum Beispill dem Phishing a Spoofingattacken. An deem
Kontext ass et wichteg, dass d’Autoritéiten déi néideg Ressourcen hu fir dëse Bedruchsfäll kënnen
nozegoen, mee och dass detailléiert Statistike gesammelt kënne gi fir d’Entwécklung vun dëse
Phänomener ze suivéieren an d’Preventioun méi effikass kennen unzegoen.

An deem Zesummenhang wéilte mir follgend Froe stellen:
– Huet d’Regierung detailléiert Statistiken, opgedeelt no Joer, déi de finanzielle Schued
chiffréieren, deen duerch Phishing an Spoofing verursaacht gouf, inklusiv der Zomm vun de
Montanten, déi konnte recuperéiert ginn? Falls dës Statistiken net existéieren, firwat feelen dës,
a gesäit d’Regierung vir, e System fir d’Sammele vun dëse Statistiken op Been ze setzen?
– Wéi vill Plainte goufen zënter 2020 am Zesummenhang mat Phishing a Spoofing agereecht, wéi
vill si klasséiert ginn a wéi vill hunn zu Poursuite a Verurteelunge gefouert? Wéi eng Sanktioune
goufen an dëse Fäll ausgeschwat?
– Wéi vill lafend Dossiere betreffend Phishing a Spoofing leien aktuell dem Parquet viir, a wéi vill
Dossiere musse Mataarbechter am Duerchschnëtt behandelen? Aus wéi vill Leit besteet aktuell
den zoustännegen Zerwiss? Huet de Parquet genuch Personal, fir sech ëm déi wuessend Unzuel
un Dossieren ze këmmeren, respektiv ass do eng Verstäerkung vun den Ekippe geplangt?
– Plangt d’Regierung, de gesetzleche Kader unzepassen, fir d’Kapazitéiten an d’Ressourcë vun der
Police an Ermëttlungsautoritéiten ze stäerken, sou datt d’Preventioun, d’Detektioun an
d’effektiv Poursuite vun der Cyber-Kriminalitéit optimiséiert kënne ginn?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz & Ben Polidori – Députés

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27655

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter