Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch
Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.
Den europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet an engem Urteel (Arrêt Dialla) festgestallt, datt
d’Transfert-Reegelen vun der FIFA (Weltverband vum Fussball) deelweis net konform zum
europäesche Recht sinn – dat, well dës Reegelen de fräien Persounen- an Déngschtleeschtungs
Verkéier, grad wéi d’Konkurrenz-Recht géife verletzen.
An deem Kontext wéilte mir dem Här Minister follgend Froe stellen:
– Wat sinn d’Konsequenze vun dësem Urteel allgemeng um internationale Plang a méi speziell
fir de Lëtzebuerger Fussball?
– Sinn och aner Sportaarten vun dësem Urteel betraff?
Mat déiwem Respekt,
Mars Di Bartolomeo & Georges Engel – Députés
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27662
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.