QP n°1356 – Prise en charge des élèves à besoins spécifiques

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. Dem Rapport d’évaluation iwwert d’Prise en charge des élèves à besoins spécifiques vun 2022 no, gi manner wéi 1% vun alle Schüler:inne hei zu Lëtzebuerg an engem Kompetenzzenter oder am Ausland scolariséiert.
Generell, kommunizéiert den Educatiounsministère just punktuell méi detailléiert Zuelen zu de Schüler:innen déi en Dossier bei der nationaler Inclusiounskommissioun (CNI) hunn esou wéi iwwert d’Personal, dat an dësem Beräich schafft. Dobäi spill déi systematesch Erhiewung vun Donnéeën eng immens wichteg Roll fir den Enseignement vun alle Kanner ze verbesseren.

An deem Kontext géing ech dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:
– Wéi vill Schüler:innen hunn aktuell en Dossier bei der CNI?
– Wéi vill Schüler:inne ginn aktuell vu wéi engem Kompetenzzenter oder enger Antenn vun engem
Kompetenzzenter beschoult oder begleet?
– Wéi vill Schüler:inne sinn aktuell am Ausland scolariséiert oder encadréiert?
– Wéi vill Schüler:inne mat Besoin spécifique ginn aktuell ganz an der Reegelschoul beschoult, wéi vill
deels an der Reegelschoul an deels enzwousch anescht a profitéiere vun enger spezialiséierter
ambulanter Interventioun, a wéi vill ganz ausserhalb vun der Reegelschoul?
– Wéi vill Schüler:innen hunn eng eent-zu-eent-Betreiung an der Reegelschoul?
– Wéi vill Schüler:inne sinn op der Waardelëscht vun engem Kompetenzzenter? Ëm wéi eng
Kompetenzzentren handelt et sech?
– Wéi vill spezialiséiert Enseignantë fir Schüler:inne mat spezifesche Besoinen (I-EBS) ginn et aktuell a
wéi vill I-EBS si fir dës Rentrée nei rekrutéiert ginn? Ass et méiglech dës Donnéeë ventiléiert no
Etablissement an deem d’I-EBS schaffen unzeginn?
– Wéi vill Assistent:inne fir Schüler:inne mat spezifesche Besoinen (A-EBS) ginn et aktuell a wéi vill A
EBS si fir dës Rentrée rekrutéiert ginn? Ass et méiglech dës Donnéeë ventiléiert no Etablissement an
deem d’A-EBS schaffen unzeginn?
– Wéi eng Donnéeë ginn am Beräich vun der Inklusioun systematesch dokumentéiert an opbereet?
Zanter wéini ginn dës Donnéeë jeeweils dokumentéiert?
– Wéi fonctionéieren aktuell d’Zesummenaarbecht an den Austausch tëschent de Kompetenzzentren?
Wéi eng Prozedure sinn do virgesinn?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener – Députée

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27667

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter