QP n°1451 – Quecksëlwerkontaminatioun beim Thon

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un
d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz a fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an un d’Madamm
Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weiderzeleeden.
D’ONGe Bloom a Foodwatch hu kierzlech Resultater verëffentlecht, no deenen all 148 gepréifte Béchsen
Thon mat Quecksëlwer kontaminéiert gewiescht wieren. 10 % hätten déi toleréiert Norm vun 1mg/kg fir
Thon verletzt an 57 % wieren iwwert déi generell Norm fir aner Fëschzorten vun 0,3mg/kg gaangen. Den
Thon als grousse Raubfësch ass besonnesch oft duerch Bioaccumulatioun mat Quecksëlwer
contaminéiert. Der Weltgesondheetsorganisatioun no gehéiert Quecksëlwer zu den zéng geféierlechsten
Stoffer fir d’Gesondheet. Dobäi kënnt, datt besonnesch schwanger Fraen a Kanner dëser Gefor ausgesat
sinn.

An deem Zesummenhang wëll ech follgend Froe stellen:
– Huet d’ALVA scho Kontrollen zur Sécherheet vun Thonsbéchsen, respektiv Thon am allgemenge
gemaacht? Wat ass dobäi eraus komm? Wa net, firwat net?
– Wéi wëll d’Ministesch fir Konsumenteschutz sécherstellen, datt vulnerabel Gruppe besser
geschützt (z.B. duerch eng Limitatioun vum Thon an aner grousse Raubfësch an de
Schoulkantinnen) an iwwert d’Risike vum Konsum informéiert ginn?
– Wéi steet d’Regierung zur Fuerderung vun den ONGen, den toleréierte Quecksëlwergehalt fir
Thon vun 1mg/kg op 0,3mg/kg erofzesetzen?
– Wëll d’Regierung sech op EU-Niveau dofir asetzen, datt manner Quecksëlwer a Liewensmëttel, a
notamment am Fësch ze fannen ass? Wa jo, wéi?

Mat déiwem Respekt,

Claire Delcourt – Députée

Facebook
Twitter