QP n°1461 – Gebrauch vu Smartphones an der Schoul

Här President,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un
den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
E rezente Bäitrag op science.lu (enger Websäit, déi vum Fonds National de la Recherche an
Zesummenaarbecht mat Persounen aus dem Beräich vun der Wëssenschaft an der Fuerschung
bedriwwe gëtt) behandelt d’Fro vum Smartphone-Verbuet an de Schoulen. Wéi aus dem Artikel ervir
geet, ass d’Datelag zum Handyverbuet nach éischter dënn. Et ginn eng Rei Etüden, déi sech allgemeng
mat den Auswierkunge vun engem ze héije Smartphone-Konsum bei Kanner a Jonke beschäftegen, mee
wat konkret d‘Wierkungen vun engem Verbuet an de Schoulen ugeet, feelt et nach un Etüden, déi op
Lëtzebuerg uwennbar wieren. Am Bäitrag steet heizou:
„Ein Blick in die Forschung zeigt: Während es viele Studien gibt, die einen negativen Impakt von zu
hohem Smartphonegebrauch auf Jugendliche und Kinder zeigen, ist die Wirkung von
Smartphone-Verboten in Schulen noch unsicher und die Regelungen in Schulen von Land zu Land
anders“.
Zu den Ziler, déi mat engem Smartphone-Verbuet erreecht solle ginn, gehéieren z. B. d’Verbesserung
vun de perséinleche Kontakter tëscht de Schüler:innen, d’Reduktioun vun Oflenkung an domat
d‘Verbesserung vun der schoulescher Leeschtung an eng positiv Auswierkung op déi mental
Gesondheet. Doduerch, dass d’Fuerschung ronderëm e Smartphone-Verbuet nach net weit genuch
virgedrongen ass, fir sécher Resultater presentéieren ze kënnen, bleift ofwaarden, ob dës Ziler duerch
déi lëtzebuergesch Verbueter erreecht wäerte kënne ginn. Aktuell ass virgesinn, dass et fir d‘Lycéeën –
anescht wéi fir de Fondamental – kee generellt a verflichtend Verbuet soll ginn, mee et de Schoulen hei
soll fräistoen, eege Reegele fir d’Limitatioun vun der Smartphone-Notzung opzestellen. Esou kann et
gutt sinn, dass et Ënnerscheeder bei den Impakter vun de Smartphone-Verbueter wäert ginn.
Eng Rei Fuerscher:innen solle schonns Interessi gewisen hunn, fir d‘Smartphone-Verbueter
wëssenschaftlech ze suivéieren. Heizou heescht et am Bäitrag op science.lu:
„Britische wie deutsche Forscher sehen hier eine willkommene Chance, eine wissenschaftlich
begleitete Pilotphase mit Regeln für fünf bis sechs Schulen zu starten. Deren Wirkung könne nach
einigen Monaten überprüft werden, aus dem Vorher-Nachher-Vergleich könnten dann
allgemeingültige Maßnahmen abgeleitet werden. Das reduziere auch den Aufwand für die
einzelnen Schulleitungen erheblich. So eine wissenschaftliche Begleitung oder Testphase ist laut
Bildungsministerium zwar nicht geplant. Die Sekundarschulen seien aber gehalten, Prozess und
Resultat ihrer Smartphone-Regelungen zu dokumentieren und zu veröffentlichen. An Evaluierung
interessierte Forscher seien herzlich gebeten, das Ministerium zu kontaktieren.“

An deem Kontext géinge mir dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend gäre follgend Froe stellen:
– Ass et richteg, dass keng wëssenschaftlech Begleedung vun enger Testphas virgesinn ass?
Goufen d’Direktiounen aus dem Secondaire gefrot, ob si Interessi drun hätten, Deel vun
engem wëssenschaftlech suivéierte Pilotprojet ze ginn?
Falls jo, wéi waren d’Retouren? Wieren d’Direktioune bereet mat Fuerscher:innen
zesummen ze schaffen an dozou bäizedroen Daten ze sammelen, déi wëssenschaftlech
méiglechst signifikant a vergläichbar sinn, fir op där Basis kënnen ze entscheeden, wéi eng
Aschränkungen bei der Smartphone-Notzung fir déi Jonk am beschten sinn?
Falls nee, wisou gouf de Sujet (nach) net mat de Concernéierte beschwat?
– Ass et richteg, dass de Minister d’Dokumentatioun vum Prozess an de Resultater vum
Smartphone-Verbuet an d’Hänn vun de Schoule wëll leeën?
Falls jo, wéi wäert de Minister garantéieren, dass d’Dokumentatioun an déi domat
verbonnen Datenerhiewung wëssenschaftleche Standarden entsprécht, esou dass duerno
Vergläicher tëscht de Schoulen an eventuell Schlëss vun de Stéchprouwen op
d’Gesamtpopulatioun méiglech sinn?
– Ginn et scho Pläng, wéi den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la
qualité scolaire an d’Evaluatioun vum Smartphone-Verbuet soll abezu ginn?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener & Ben Polidori – Députés

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27800

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter