Rapporter Claude Haagen: « De Budget 2017 fënnt de richtege Mëttelwee »

E vun de Schwéierpunkte vum Budgetsrapporter Claude Haagen senger Ried zum Budget 2017 an der Chamber war de Wuesstem a speziell de Wuesstem an enger Gesellschaft vun der Informatisatioun an der Digitalisatioun. De Claude Haagen huet an dësem Kontext d’Fro opgeworf, wann d’Produktivitéit vun den Entreprisen duerch Digitalisatioun oder Informatisatioun a verschiddene Secteure sollt eropgoen, esou wéi et zum Beispill an der Rifkin-Etude virgesinn ass, wien Notznéisser vun dëser Produktivitéit soll sinn. Den LSAP-Budgetsrapporter war formell:

claude-haagen_budgetsrede-2017

« De Surplus vun der Produktivitéit muss an dësem Fall bei de schaffende Léit ukommen, a firwat net an enger Verréngerung vun der Aarbechtszäit bei selwechtem Salaire. Digitalisatioun, Erhéijung vun der Produktivitéit a Verréngerung vun der Aarbechtszäit mat deem selwechte Salaire wieren an deem Fall vun all ekonomeschen Acteuren akzeptéiert, well se jiddwerengem eppes géif bréngen. »

De Claude Haagen huet duerfir eng Motioun deposéiert, fir d’Teleaarbecht ze favoriséieren.

Och misst, esou de Rapporter, d’Digitalisatioun encadréiert ginn, besonnesch am Aarbechtsrecht, am Steierrecht, a bei de soziale Rechter. An zwar vun elo un.

Hei dem Claude Haagen seng integral Ried am PDF-Format (woubäi dat geschwatent Wuert zielt) an déi ugeschwate Motioun.

discours-budget-claude-haagen-20-12-2016

Facebook
Twitter