Repercussioune vun der Corona-Kris op d’Gemengefinanzen a wéi d’Gemeng Betzder domat ëmgaangen ass.

Et war virauszegesinn, dass d’Corona-Kris an deen domadder verbonnene Lockdown en Impakt op d’Gemengefinanze wäert hunn.

Dëst gouf am Oktober an der Budget-Circulaire vum Interieur bestätegt.

Wat eis Gemeng betrëfft, sou hu mir eise Budget mat 1,6 Milliounen Euro manner Recette Ordinaire missen opstellen. Well mer eng gesond finanziell Situatioun a Reserve op der Säit haten, sinn déi extroardinaire Depensen awer net gekierzt ginn. Mir hunn eis Investitiounen héich gehalen, well mer wichteg an noutwenneg Projet’en wëlle realiséieren. Op éischter Plaz sti Logement-Projet’e, wou mer an den nächste Joren 120 Wunnenge wëlle schafen. Op zweeter Plaz stinn Investitiounen an de Klimaschutz, an op drëtter Plaz stinn Investitiounen an d’Gemengeninfrastrukturen mam Ziel, eis Dierfer ze revaloriséieren an ze beliewen.

Et wier elo net déi richteg Zäit, d’Investitiounen zréck ze schrauwen. Eis Betriber brauchen lo Aarbecht, fir aus dëser Kris eraus ze kommen.

Beim Opstelle vum Budget Ordinaire hu mer dëst Joer e ganz groussen Effort gemaach, well mer eis zum Ziel gesat hunn, déi ordinaire Ausgaben ëm 10% ze reduzéieren. Dësen Exercice war eis wichteg, fir op der enger Säit de Mangel u Recette méiglechst gutt auszegläichen, a fir dass d’Folgekäschten eis an Zukunft net fortlafen.

All eenzelen Artikel vun den ordinairen Ausgaben ass ënnert d’Lupp geholl ginn, andeems mir d’Compte par Rapport zu den Estimatioune vun de leschte 7 Joer analyséiert a verglach hunn. Dobäi ass eis opgefall, dass d’Chiffere vum Compte meeschtens ënnert de Previsioune bliwwe sinn. Sou hu mir all eenzelen Artikel, opgrond vun der Erfarung aus deene leschte 7 Joer, der reeller Situatioun ugepasst a konnten déi steigend Tendenz vun den Dépenses ordinaires briechen an dobäi wichteg Aspuerunge maachen.

Ech hoffen, dass mer dëst Joer kee Lockdown méi wäerte kréien, dass mer de Retard vum leschte Joer kënnen ophuelen an eis realiséiert Projet’en, déi Aarbecht, déi mer zum Wuel vun der Allgemengheet gemaach hunn, soubal et nëmme geet, eise Bierger nees ouni Corona-Moossname kënne weisen an aweien.

 

Jean-François Wirtz, Buergermeeschter vun der Gemeng Betzder

Facebook
Twitter