Samira Merenz (Jonk Sozialisten): “Perspektiv?”

 

Wann ech als jonk Persoun u meng Zukunft denken, da froen ech mech wat si meng Perspektiven? Mat wéi vill Hoffnung dierf ech dann an d’Zukunft kucken?

Perspektiv ass ee Wuert dat un sech zimmlech positiv konnotéiert ass, et setzt viraus, dass et eng Zukunft an Hoffnung gëtt an virun allem dass et vill Méiglechkeete ginn.

D’Froen déi mech momentan awer nuets waakreg hale fänke bei menge Grondrechter un: Wei finanzéieren ech ma eng Kéier een Dach iwwert dem Kapp an engem Land an dem een Haus deelweis souvill kascht wei eng Villa an de Beverly Hills? Wei soll ech mech ob d’Zukunft freeë wann et offensichtlech Staaten ginn déi mat weltoppenen an demokratesche Wäerter net sou averstane sinn? An wei soll ech mech op meng Méiglechkeete freeë wann ech ganz genau weess dass ma ëmmer nach alles drun setzen de Planéit ob dem ma liewen sou effizient wei méiglech ze exploitéieren.

Perspektiv ass national, Perspektiv ass global. Een Dach iwwert dem Kapp, eng friddlech Welt an eng Äerd déi net vun Naturkatastrophen an hire Konsequenzen dominéiert ass, dat si Liewensgrondlagen déi mir am Moment KENGEM garantéiere kennen. Wei soll ech mech do op MUER geschweigen dann op IWWERMUER freeë kennen?
Perspektiv bedeit och sech Zieler setzen ze kennen, nee ze dierfen.. Perspektiv bedeit ausgoend vu stabille Liewensgrondlage mech ze froe WÉI et soll weidergoe fir mech an net OB et ka weidergoen.

Am Moment fillen ech nëmme gemässegt Perspektiv, am Moment fillen ech vill Fragezeichen.

An wann ech als jonk Persoun déi d’Chance hat zu Lëtzebuerg gebuer ze ginn, sou fillen, wei fillen sech dann aner jonk Leit déi net déi selwecht Chance wei ech haten?
Mee bleiwe ma zu Lëtzebuerg.

Fir dass dat och an Zukunft méiglech bleift dierf net méi mat Wunnraum spekuléiert ginn, eis weltoppe Wäerter musse ma weiderhin deele kennen duerch eng human Flüchtlingspolitik déi dat vertrëtt fir dat Lëtzebuerg steet, eng Chance fir jiddereen. Mir brauche sozial Klimapolitik déi dofir suergt dass net den eenzele fir d’Feelverhale vu ville bestrooft gëtt.
Perspektiv ze empfannen als jonk Persoun bedeit net mat der ganzer Politik zefridden oder onzefridden ze sinn. Perspektiv ass ee Gefill, eng Hoffnung an een Ziel dat ech empfannen dierf an enger Welt déi am momentan esou zerbriechlech ass …

Ech froen dech no dëser Reflektioun als jonk Persoun, wéi fills du dech mat Bléck an d´Zukunft an op deng Perspektiv?

Facebook
Twitter