Wat kascht eng Famill den Homeschooling?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an d’Madamm Ministesch fir Famill weiderzeleeden.

2020 war den “Homeschooling” schonn e feste Bestanddeel vum Schoulprogramm vun eise Kanner a Jugendlechen. Och 2021 huet mat enger Woch “Schoul doheem” fir sämtlech Schüler ugefaangen an et ass zu dësem Moment net auszeschléissen, dass am Laf vum Joer wuel nach weider op dëse Modell wäert missen zréckgegraff ginn.

Den “Homeschooling” ass net nëmmen eng organisatoresch Erausfuerderung fir d’Elteren a fir d’Schüler, mee et gëtt mat Recht verlaangt, dass jiddereen mat dem néidege Material gutt equipéiert ass, fir esou un de jeeweilege Couren kënnen deelzehuelen. Nieft de Laptoppen oder soss Computeren brauchen d’Kanner awer och eng Imprimante, déi néideg Tënt, Pabeier, vill zousätzlech Classeuren asw. Dëst Material, awer besonnesch di sougenannte “Consommables”, wéi zum Beispill Tëntpatrounen sinn deier Depensen, déi eng zolidd finanziell Belaaschtung fir d’Haushaltskeess sinn.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Educatiounsminister an der Madamm Ministesch fir Famill dës Froe stellen:

  •  Ginn et Zuelen a Berechnungen, wéi vill den “Homeschooling” déi jeeweileg Familljen 2020 kascht huet?
  •  Denkt d’Regierung hei un eventuell Subsiden fir dës Fraisen kënnen opzefänken?

Mat déiwem Respekt,

Cécile Hemmen, Députéiert

 

Liest hei d’Äntwert vum Educatiounsminister:

Question parlementaire Homeschooling

Facebook
Twitter