Ass “d’leichte Sprache” e Kommunikatiounsmëttel fir de Bildungsministère? (Réponse disponible)

=> Hei d’Äntwert vum Minister: Question parlemenaire – leichte Sprache

_____________________________

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

De Bildungsministère huet an dem aktuellen an am dem vergaangene Schouljoer vill méi op direktem Wee mat den Eltere vun de scolariséierte Kanner kommunizéiert ewéi dat soss de Fall ass. Dëst virun allem fir déi aussergewéinlech Mesuren zu erklären, déi hu misse geholl ginn, am Kader vun der Lutte géint eng Verbreedung vum Corona-Virus. Leider hunn awer hautdesdaags net all Elteren d’Méiglechkeet, fir déi offiziell Texter a Kommunikatiounen ëmmer richteg ze verstoen. Dëst huet sproochlech Ursaachen, awer net nëmmen. Dobäi kënnt, dat d’Thematik ronderëm Pandemie eng komplex Matière ass. Entspriechend si verschidden Texter heiansdo relativ komplizéiert verfaasst. Et ginn allerdéngs Méiglechkeeten, op eng sougenannten “leichte Sprache” zeréckzegräifen, déi ënnert anerem méi bildlech ass, an dofir och méi verständlech ass. Eng Hëllef bei der Realiséierung an Ausschaffen vu sou Texter a “leichter Sprache” kann do de Service “Klaro”, vun der APEMH (Association des parents d’enfants mentalement handicapés) sinn.

An deem Zesummenhang well ech dem Här Minister fir Educatioun a Fuerschung dës Froe stellen:

  • Kann de Minister mir erklären, wéi d’Richtlinnen vum Ministère sinn, fir eng beschtméiglech Kommunikatioun un d’Elteren ze garantéieren ?
  • Gesäit den Här Minister e Besoin, fir dës Kommunikatioun nach méi verständlech ze maachen ? Kéint de Minister sech an dem Zesummenhang virstellen, dat säi Ministère fir verschidde Kommunikatiounen géif op d’Konzept vun der “leichte Sprache” zeréckzegräifen ?

Mat déiwem Respekt,

Simone Asselborn-Bintz
Deputéiert

 

Facebook
Twitter