D’LSAP ass houfreg, datt Lëtzebuerg no Frankräich, dat zweet Land an der EU gëtt, dat d’Recht op d’Selbstbestëmmung vun der Fra an der Verfassung verankert.
D’Selbstbestëmmung vun der Fra iwwer hire Kierper ass fir d’LSAP e fundamentaalt Recht. Doduerch, datt d’„Fräiheet“ ofzedreiwen elo an d’Verfassung geschriwwe gëtt, gëtt dës Selbstbestëmmung endlech och verfassungsméisseg garantéiert. Dat ass e wichtege Schrëtt, well dës Fräiheet domat zu engem Grondrecht gëtt, dat net einfach duerch eng legislativ Initiativ ka réckgängeg gemaach ginn, wéi een et leider an anere Länner gesäit, wou stramm rietskonservativ Politiker an Autokraten d’Mënscherechter, besonnesch d’Rechter vu Fraen, ëmmer méi aschränken.
D’LSAP setzt sech zënter jeehier konsequent fir d’Recht op Selbstbestëmmung an. Duerfir stëmmt d’LSAP och dem Kompromëss zou deen haut an der Institutiounskommissioun fonnt gouf an déi néideg Zweedrëttel-Majoritéit fir eng Verfassungsännerung erméiglecht: d’Verfassung garantéiert d’„Fräiheet“, de Choix fir ofzedreiwen. D’LSAP hätt zwar léiwer gehat, datt dëst explizitt als „Recht” an d’Verfassung geschriwwe gëtt, mee d’Prioritéit bleift kloer: d’Garantie, datt d’Fra selwer – a soss keen – kann iwwer hire Kierper entscheeden.
Dat ass net nëmmen e grousse Schrëtt fir d’Fraerechter, mee och fir d’Individuelrechter an eiser Demokratie.
Allerdéngs bedauert d’LSAP, datt net vun der Geleeënheet profitéiert gëtt, fir och d’Recht op Verhütung an der Verfassung ze verankeren. D’Fräiheet, iwwer déi eege Fruchtbarkeet a Familljeplanung ze entscheeden, ass e fundamentaalt Element vun der Selbstbestëmmung, dat och sollt op Verfassungsniveau geschützt ginn.
Gläichzäiteg mécht d’LSAP sech dofir staark, datt den „délit d’entrave” an d’Gesetz opgeholl gëtt, woufir mir deemnächst eng Initiativ wäerten huelen. Keng Eenzelpersoun, kee (familiären) Grupp a keng Organisatioun däerfen eng Fra dorun hënneren oder probéieren ze hënneren, eng Ofdreiwung virzehuelen.
Fir d’LSAP ass d’Selbstbestëmmung vun der Fra net verhandelbar. Et ass e Grondrecht, dat mir schützen a stäerke mussen!
