Léif Komerodin, léiwe Komerod,
D’Rentrée ass gepackt, d’Schoul ass nees un.
Kanns du dech nach un deng Schoulzäit erënneren? Et goufe ganz bestëmmt vill flott a spannend Momenter. Sécherlech hues de awer och Situatiounen erlierft, déi dech gestéiert hunn oder wou s du dir méi Ënnerstëtzung gewënscht hues.
Mir als LSAP wëllen d’Schoul vu muer gestalten.
Pënktlech fir d’Rentrée hu mir eng Bildungscampagne lancéiert: An der Schoul fillen ech mech onwuel!
Fir d’LSAP ass kloer: Bildung ass d’Basis fir sozial Gerechtegkeet a fir e staarken Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. All Kand, egal mat wéi engem Hannergrond, muss déi selwecht, fair Chancen an eise Schoulen hunn. Mir setzen eis dofir an, datt d’Schoul net nëmmen eng Plaz fir ze léieren, mee och eng Plaz fir Zesummeliewen, Respekt an Inklusioun ass. Eng Schoul, déi eiser multikultureller Gesellschaft gerecht gëtt, ass dat beschte Fundament fir eis Zukunft. An der Schoul soll een vill fir säi Liewen mat op de Wee huelen. Heivir muss ee sech wuel fillen!
Eng staark ëffentlech Schoul heescht fir eis: een eenzegt, iwwergräifende Konzept vun der Crèche bis zum Ofschlossdiplom. Kee gespléckten a parallelle laafenden System, mee eng eenzeg Schoullandschaft, wou d’Stäerkte vun eise Kanner am Mëttelpunkt stinn. Fir dat z’erreechen, brauche mir méi gezilte Support am Fondamental, transparent a fair Promotiounskrittären am Lycée an eng berufflech Orientéierung, déi och am Classique mat obligatoresche Stagen verbonnen gëtt. Gläichzäiteg wëlle mir garantéieren, datt d’Schoulen an deene Gemengen, déi besonnesch vill sozial Erausfuerderunge opweisen, och méi Personal a Ressourcë kréien. Nëmmen esou kënne mir reell Chancëgerechtegkeet garantéieren.
Mee gutt Bildung ass méi wéi nëmmen en ausgeglachene Léierplang: och a grad de „Bien-Être“ muss am Mëttelpunkt stoen. Nëmmen wa Kanner sech sécher a wuel spieren, kënne si wierklech léieren. Dofir brauche mir méi staark Moossnamen am Beräich vun der mentaler Gesondheet, méi Beweegung am Alldag an eng enk psychosozial Begleedung. E konsequent Virgoen géint Mobbing, eng modern digital Opklärung an e fixen Tutor fir all Kand am Cycle Inférieur bidden déi néideg Ënnerstëtzung. Eng participativ Schoulkultur, déi Schüler, Elteren an Enseignanten zesumme gestalten, mécht d’Schoul zu enger Plaz, wou een sech gutt fillt a jidderee seng Stëmm zielt.
Eis Prioritéiten am Resumé:
- Ongerecht Schoul: E Gesamtkonzept fir eis Bildung.
- Onméiglech: Eng Schoul fir all Kand.
- Sech onwuel an der Schoul fillen: „Bien-être“ als Viraussetzung fir d‘Léieren
Méi Infoe fannt dir op: bildung.lsap.lu
Nierft de Educatioun wäert mir am Hierscht och op eisen aaneren Grondsätz intensiv schaffen. Dofir gi mir Dir Rendez-Vous fir eis:
📍 Zukunftsakademie den 11. Oktober – Zesumme schaffe mir um neie Grondsazprogramm vun der LSAP. Deng Iddien an Deng Meenung zielen!
Du kanns Dech iwwert de QR-Code dee rezent an denger Boîte war, oder iwwert de Link an der Newsletter umellen; oder schreif eis op info@lsap.lu
An deem Sënn wënschen mir eng schéi Rentrée!
Mat bëschte Gréiss,
Francine & Dan.