Gesondhet ass e Mënscherecht!

An enger gerechter Gesellschaft muss d’Gesondheetsversuergung fir jiddereen accessibel sinn.

D’LSAP Deputéiert Claude Haagen a Claire Delcourt hunn an der Chamber eng Proposition de loi fir eng „Couverture universelle de soins de santé“ (CUSS) deposéiert. Well fir d’LSAP ass d’Gesondheetsversuergung e Mënscherecht a muss duerfir fir jiddereen accessibel sinn.

Dës Gesetzespropos ënnerstëtzt der LSAP hir Visioun vun enger méi gerechter Gesellschaft. No den LSAP Initiative vum Paiement immédiat direct (PID), deen et ville Leit méi einfach mécht bei den Dokter ze goe well se d’Suen net méi musse virstrecken, an dem Remboursement vun der Psychotherapie, ass den universellen Zougang zu der Gesondheetsversuergung elo eng weider wichteg Etapp géint sozial Exklusioun duerch Gesondheetsproblemer.

Trotz engem performante Gesondheetssystem falen haut nämlech nach ëmmer Mënschen duerch d’Netz, zum Beispill nom Enn vun de Chômage-Indemnitéiten oder nom Verloscht vun der Wunneng, a riskéieren esou aus der Sozialversécherung an der CNS erauszefalen. Dobäi huet Lëtzebuerg sech international engagéiert, ënner anerem bei der Weltgesondheetsorganisatioun an de Vereenten Natiounen, den effektiven Zougang zu Gesondheetsversuergung fir all Persoun am Land ze garantéieren.

2021 gouf duerfir vun den LSAP-Ministere Paulette Lenert a Romain Schneider de Pilotprojet vun der CUSS lancéiert, opgrond vun de Recommandatiounen, déi d’Organisatiounen um Terrain ausgeschafft haten. Leit, déi duerch d’Netz gefall sinn, sollen esou opgefaang ginn, an iwwer den Zougang zu Gesondheetsversuergung eng Chance op Stabiliséierung a Reintegratioun an d’Gesellschaft kréien. De Pilotprojet ass e Succès: 25% vun deene ronn 300 Beneficiaire wieren haut nees am reguläre System vun der Krankekeess ugemellt.

Allerdéngs huet de Pilotprojet och gewisen, datt et eng kloer legal Basis a vereinfacht Prozedure brauch. Der LSAP hir Gesetzespropos schaaft duerfir e klore Kader fir d’CUSS an definéiert transparent Konditioune fir den Zougang. Zil ass eng eenheetlech Approche fir d’Beneficiairë vun der CUSS an der Aide sociale.

Mir proposéieren och eng Vereinfachung vun de Prozedure, déi méi Kloerheet fir d’Prestatairen am Gesondheetsberäich bréngt an eng besser Begleedung vun de betraffene Leit erméiglecht.

D’Ëmsetzung vun der CUSS soll da weiderhin, iwwer Konventioune mam Gesondheetsministère, zesumme mat den Associatiounen um Terrain geschéien.

Zougang zur Gesondheetsversuergung ass fir d’LSAP net nëmmen eng Fro vun der sozialer Gerechtegkeet, mee och en Investissement an d’ëffentlech Gesondheet esouwéi an den Zesummenhalt an d’Zukunft vun eiser Gesellschaft.

LSAP

Facebook
Email
WhatsApp