Ginn d’Iwwernuechtungsbongen verlängert?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Tourismusminister weiderzeleeden.

D’Aktioun vun de sougenannten «  Iwwernuechtungsbongen » à 50€  war d’lescht Joer ee Succès: bis Enn 2020 goufen iwwer 94.000 där Bongen ageléist. D’Gültegkeet vun de Bongen ass am Dezember 2020, bis den 18.04.2021 verlängert  ginn; den Minister huet dat an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr.3171 esou argumentéiert:  “Säitdeem Enn November nei covid-bedéngte Restriktiounen agefouert gi sinn, an notamment d’Restauranten hir Dieren erëm hu missen zoumaachen a keng organiséiert Fräizäitaktivitéite méi stattfannen, ass e Séjour an engem vun eisen Hebergementsbetriber an dëse Wochen natierlech och erëm manner interessant fir potentiell Client’en ginn.” Des Restriktiounen sinn nach ëmmer a Kraaft, dat op mannst nach bis de 14. Mäerz.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Tourismusminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Bongen sinn, zanter der Verlängerung, iwwert d’Wanterméint nach zousätzlech ageléist ginn?
  • Huet d’Regierung wëlles, d’Gültegkeet vun de Bongen, déi am Ëmlaf sinn, nach emol ze verlängeren?
  • D’Aktioun “Iwwernuechtungsbongen” ass net nëmme bäi de Privatpersounen gutt ukomm, mee huet eben och dem Secteur vill gehollef: 69% vun den Hotelieren an 61% vun de Campingsbedreiwer haten an der Saison 2020 eng Hausse u Lëtzebuerger Clienten ze verzeechnen. Envisagéiert de Minister deementspriechend, déi ganz Aktioun komplett ze widderhuelen, an all Bierger a Frontalier e neie Bong fir d’Saison 2021 zur Verfügung ze stellen?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener, Deputéiert

Facebook
Twitter