D’LSAP begréisst d’Individualiséierung an ënnerstëtzt d’Verbesserunge fir Kanner a Monoparentauxen, déi och op eis Initiativ mat integréiert goufen. Am Interview warnt d’LSAP-Fraktiounspresidentin awer och, datt ouni seriéis Géigefinanzéierung a méi Steiergerechtegkeet d’Reform riskéiert eng kuerzsiichteg Milliardelach-Politik ze ginn.
Salut Taina, de Finanzminister huet kierzlech seng Steierreform presentéiert. D’Individualiséierung vun de Steieren, also dass d’Steierlaascht net méi vum gewielte Familljemodell ofhänkt, ass jo eng laangjäreg LSAP-Fuerderung. Ass d’LSAP da mat de Pläng vum Finanzminister zefridden?
De Finanzminister huet effektiv elo e Projet de loi deposéiert. Mär hunn ëmmer dofir plädéiert datt dee gewielte Familljemodel net d’Steierlascht soll definéieren. De Steiermontant soll net dovun ofhänken op ee bestuet, gepacste, gescheet, verwitwet oder single ass. Och wa mär d‘Aféierung vun enger eenzeger Steierklass begréissen, froe mär awer wou d‘Regierung d‘Sue fir dës Reform siche geet. Mär schwätzen do ëmmerhin vun Ausgaben, zesummegerechent mat den ugekënnegte Familjjemesuren an der Reform vun de Chèques Services, vu Steierausfäll ëm 1,5 Milliard €, an dat all Joer!
Säit hirem Untrëtt virun 2 Joer, hält d’Regierung net op eise Staatsbudget strukturell ëm Recetten a Milliardenhéicht ze bréngen. Donieft kommen international Obligatiounen, grad an der Defense, déi eise Budget op Jore wäerte belaaschten. Dat ass fir eis keng responsabel Finanzpolitik – mee eng kuerzsiichteg Approche, déi reng op dës Legislatur baséiert ass an hir finanziell Konsequenzen enger nächster Regierung iwwerléisst.
De Finanzminister huet d’Parteien am Virfeld vum Dépôt vum Projet consultéiert. Konnt d’LSAP sech dann hei op iergendeng Manéier mat abréngen?
Jo, an hei huet ee gemierkt: Oppositioun wierkt. Als LSAP ware mär der Meenung: d’Individualiséierung vun de Steieren ass gutt, et wier trotzdeem wichteg de Kanner steierlech Rechnung ze droen. Si sinn eis Zukunft – an dofir soll een d’Elteren och ënnerstëtzen. Mär wëssen och, dass grad bei de Monoparentauxen d’Kanner e groussen Drock op de Portmonnie kënnen ausléisen. An dofir si mär och frou iwwert den Abattement « petite enfance » esou ewéi d’Erhéijung vum Crédit d’impôt monoparental, déi op Basis vun eise Proposen nach an d’Reformpläng vun der Regierung integréiert gi sinn.
Du hues virdru gemengt, dass d’Steierreform deier ass an d’Regierung kee Plang huet wéi se déi Steierausfäll wëll géigefinanzéieren. Wat sinn dann d’Propose vun der LSAP?
Eigentlech läit d’Léisung op der Hand: mär wëllen d’Geld bei d’Geld siche goen. Mär sinn net der Meenung, dass Leit déi 500.000 Euro d’Joer verdéngen duerch dës Reform nach sollen entlaascht ginn – nee mär fuerdere esouguer, dass si sech nach méi staark zum gudde Fonctionement vun eiser Gesellschaft solle bedeelegen – dat duerch en méi héije Spëtzesteiersaz. Donieft brauch et och e richtegt Ëmdenken an eiser Steierpolitik. Haut bezilt een op sengem Salaire 5 mol méi Steieren ewéi op Dividenden aus dem Kapital. Mär brauchen och hei zu Lëtzebuerg e Switch an der steierlecher Approche. Mär wëllen an den nächste Méint e méi grousse steierlechen Debat hei zu Lëtzebuerg lancéieren, lassgeléist vun de Reformpläng vun der Regierung, mee am Sënn vun der sozialer Gerechtegkeet. Dofir setze mär eis als LSAP an.