An Zäite vu geopolitesche Spannungen, wirtschaftlecher Onsécherheet a globalem Konkurrenzkampf muss Europa seng Handelsstrategie nei iwwerdenken. Mir hunn eis mat eisem Deputéierte Franz Fayot ënnerhalen, fir iwwert dës Themen ze schwätzen.
Franz, wéi vum Donald Trump ugekënnegt, schléit Amerika de Wee vun enger protektionistescher Handelspolitik an. Wat sinn d’Auswierkunge vun dëser Entscheedung op Europa a Lëtzebuerg? Ass dës eng reell Bedrohung fir eis Wirtschaft?
Europa däerf sech net ënner Drock setze loossen a muss zesummen halen. Déi lescht Joren hu gewisen, wéi wichteg et ass, dass mir eis strategesch onofhängeg maachen. Sief et an de Beräicher vun der Verdeedegung, der Energie, der Wirtschaft oder der Medezin. Europa muss sech endlech emanzipéieren. Och hei am Land musse mir weider an eis Betriber, Netzwierker an Infrastrukturen investéieren, fir als Standuert attraktiv ze bleiwen.
Déi transatlantesch Handelsbezéiunge waren effektiv Joerzéngte laang e Fundament vun eisem Wirtschaftswuesstem. D’USA waren a ville Beräicher e wichtegen, jo souguer onverzichtbare Partner. Mee d’Zäiten hu sech elo geännert. Mee mir hunn d’Moyenen dergéint ze halen, datt et kéng Bedroung ass, mee datt et eis d’Chance gëtt fir selwer eppes ze maachen.
Déi nei Ausriichtung vun der amerikanescher Handelspolitik ass also och eng Chance fir Europa?
Ganz richteg. Krise bidden och Chancen. Den USA hier Zollpolitik sou wéi hire Réckzuch aus multilateralen Ofkommesse gëtt Europa d’Geleeënheet sech nei opzeriichten. Mir musse méi an eis Industrien investéieren, eis méi breet opstellen an eis Partnerschafte mat Länner aus Afrika, Südamerika an Asie stäerken. Awer dës Relatiounen an Investitioune musse gerecht an nohalteg sinn. Fair Léin, gutt Aarbechtskonditiounen an Ëmweltschutz musse prioritär bleiwen. Gläichzäiteg muss d’EU méi an technologesch Innovatiounen, gréng Finanzen sou wéi an d’Digitaliséierung investéieren, fir net nëmme méi onofhängeg ze ginn, mee och global als Virreider, als Modèle à suivre ze gëllen. Fir Lëtzebuerg ass et eng Méiglechkeet, seng Positioun als innovativen an oppene Wirtschaftsstanduert weider ze stäerken.
D’LSAP huet sech rezent géint d’Verlängerung vum Associatiounsofkommes tëschent Israel an der Europäescher Unioun ausgeschwat. Wéi koum et zu dëser Decisioun?
D’LSAP ass der Iwwerzeegung, datt Handelsbezéiungen un d’Respektéiere vu Mënscherechter a vum Vëlkerrecht gebonne musse sinn. D’Ofkommes mat Israel baséiert eigentlech op géigesäitege wirtschaftleche Virdeeler, awer och op gemeinsame Wäerter. Aktuell ass et esou, dass Israel net nëmmen eng aggressiv Expansiounspolitik bedreift, mee e Genozid a Palästina stattfënnt. Dowéinst wär et onverantwortlech dëst Ofkommes ze verlängeren, esou laang Israel d’Vëlkerrecht mat Féiss trëppelt an humanitär Hëllef blockéiert. Et geet net ëm Symbolpolitik, mee ëm Kohärenz an eiser Aussepolitik, déi op de Mënscherechter baséiert. Handel ass net fräi vu Verantwortung an Europa muss zesummen e kloert Zeeche setzen.