Hëtztwell: Prioritéit fir de Schutz vun de Salariéen

D’LSAP fuerdert d’Regierung op, endlech konkret Mesuren ze huele fir
Salariéë virun extremer Hëtzt ze schützen.

De Kollektivcongé am Bausecteur kënnt grad zur richteger Zäit. Vill vun deene Leit, déi op der Aarbecht
am meeschten der Hëtzt ausgesat sinn, kréien esou eng néideg Paus. Well et ass et zwar schonns déi véiert Hëtztwell, déi Lëtzebuerg dëst Joer erlieft, mee d‘Regierung huet nach ëmmer keng konkret Schrëtt
ënnerholl, fir d‘Gesondheet vun de Salariéen ze schützen.
An de leschte Jore sinn ëmmer nees nei Temperaturrekorder opgestallt ginn an Hëtztwelle sinn haut keng
Ausnam méi, mee déi nei Realitéit. Trotzdeem weist sech d‘Regierung onverantwortlech passiv, mat der
Konsequenz, datt d‘Salariéen net genuch géint d‘Auswierkunge vun der extremer Hëtzt geschützt sinn.
Dat gëllt an éischter Linn fir Secteuren, déi besonnesch staark betraff sinn, wéi de Bau oder d‘Landwirtschaft. Mee de Klimawandel huet mëttlerweil esou Ausmoossen ugeholl, datt Schutzmoossname fir all Secteuren néideg sinn.
“Mir däerfen Hëtztwellen net méi als Ausnam behandelen. Si sinn Deel vun eiser Realitéit ginn, an
d‘Aarbechtswelt muss sech dorun upassen. D‘Gesondheet vun de Salariéë muss ëmmer d’Prioritéit
hunn,“ ënnersträicht den LSAP-Deputéierte Georges Engel.
D‘LSAP fuerdert dofir eng Upassung vum Aarbechtsgesetz, fir extrem Hëtzt als aussergewéinlecht Wiederphenomeen unzeerkennen. Zesumme mat de Sozialpartner sollen Hëtztpläng fir déi verschidde Secteuren ausgeschafft ginn. Dës Pläng solle verbindlech Schutzmesuren definéieren, kloer Wäerter festleeën, ab wéini dës Mesurë mussen a Kraaft trieden, grad esou ewéi Grenzwäerter, iwwer deenen net méi dierf geschafft ginn.
Doriwwer eraus plädéiert d‘LSAP och fir en nationale Plang, fir ëffentlech Gebaier, an deene besonnesch
vulnerabel Persoune betreit ginn – wéi Schoulen, Crèchen, Spideeler, Altersheemer an Dagesstrukturen –
un déi nei klimatesch Realitéit unzepassen.

“D‘Klimakris verännert eis Aarbechtskonditioune fundamental. Eist Aarbechtsrecht muss duerfir mat
dëser Entwécklung Schratt halen. D‘Salariéë virun extremer Hëtzt ze schützen ass nämlech net nëmmen
eng Fro vum Aarbechtsschutz, mee och eng Fro vu sozialer Gerechtegkeet an der ëffentlecher Verantwortung,“ ënnersträicht den LSAP-Deputéierte Franz Fayot
D‘Regierung muss garantéieren, datt all Salarié an engem sécheren, würdegen an un déi nei klimatesch
Erausfuerderungen ugepassten Aarbechtsëmfeld schaffe kann.

Pressecommuniqué vun der LSAP

Weider Informatiounen:
Franz Fayot: +352 621 316 322
Georges Engel: +352 621 146 770

LSAP
Lëtzebuerg, den 31. 07. 2026

Facebook
Email
WhatsApp