Interview mam Buergermeeschter vu Lëntgen – Louis Pinto

Léiwe Louis, bei de leschte Gemengewalen zu Lëntgen hues de mat 1.167 Stëmmen déi meeschte Stëmme kritt. Wéi hues de deng éischt, bal zwee Joer als Buergermeeschter erlieft?

Ech war natierlech houfreg op mäi Resultat. Ech wosst, dass ech géif vill Stëmme kréie mee esou vill awer net. Ech hu gemierkt, dass eis Awunner mech als Buergermeeschter wollten.

Meng zwee Joer bis elo ware ganz gutt. Bis elo hunn ech fäerdeg bruecht fir all Punkt am Gemengerot duerch ze kréien, a mat eisen Awunner hunn ech e permanente Kontakt.

Lëntge läit zentral am Land. Wat sinn aktuell déi grouss Erausfuerderunge fir deng Gemeng an deng Regioun? Wéi wëlls de dës ugoen, a wou wëlls de konkret Akzenter setzen?

Mir hunn zu Lëntge vill Projeten!

  • Zu Goussel baut d’SNHBM e ganze Quartier mat Haiser.
  • Zu Lëntge plënnert d‘Rotarex an op déi Plaz kommen elo 290 Appartementer. D’Gemeng selwer baut och a keeft Haiser fir sozial Wunnengen.
  • Mir sanéieren och grad eis Waasserquellen.
  • Mir bauen eng nei Spillschoul.
  • Mir maachen duerch ganz Gemeng Verkéiersberouegungen (30er Zonen).
  • Op all eis Gebaier komme Solar-paneillen.
  • Eise Gemengenatelier gëtt vergréissert.
  • De Fussballsterrain gëtt vergréissert.
  • Eis ëffentlech Plazen an der Gemeng gi méi naturbewosst ageriicht (Schoulhaff, Parkingen) a mat Luerenzweiler zesumme baue mir e Bëschkierfecht an e CIS.

Eis konkret Akzenter sinn d’Spillschoul, eis Waasserquellen an d’Verkéiersberouegung.

 

Du bass mat der Biergerlëscht „Engagéiert Bierger Lëntgen“ an d’Gemengewale gaangen. Wat waren déi grouss Erausfuerderungen? A plangt dir fir 2029 mat enger LSAP-Lëscht unzetrieden?

Lëntge war ëmmer eng LSAP Gemeng!  Di meescht Leit wielen allerdéngs net no Partei, mee no Kapp. Mir waren der Meenung, dass mir mat der Lëscht „Engagéiert Bierger“ éischter eng Chance hätte fir d‘Majoritéit ze kréien. Mir hu 5 Kandidaten an de Gemengerot era kritt. Leider ass et just net duer gaang fir déi absolut Majoritéit ze kréien. Dofir hu mir decidéiert fir eng Koalitioun mat der DP ze maachen. Si hunn 2 Kandidaten era kritt.

Fir 2029 hu mir nach net decidéiert wei mir sollen untrieden. Dat gesi mir nach.

 

Louis, du bass den éischte Buergermeeschter zu Lëtzebuerg mat portugisesche Wuerzelen – eng richteg Erfollegsgeschicht! Wéi houfreg bass de dorobber? A wat gëss de Jonke mat Migratiounshannergrond (an éischter Generatioun) mat op de Wee?

Ech war richteg frou wei de portugisesche President mir perséinlech ugeruff huet fir mir ze gratuléieren.

Kloer, et ass eng grouss Freed fir mech a meng Famill, dass eis Awunner u mech gleewen. Ech wunne säit 1987 zu Lëntgen an ech war nach ëmmer an der Gemeng aktiv. Ech hunn iwwerall an de Veräiner gehollef an ech war iwwerall present. Ech hunn eisen Awunner gewisen, dass ech mech fir Lëntgen interesséieren.

Fir esou wäit ze komme mussen eis jonk, Net-Lëtzebuerger Matbierger onbedéngt Lëtzebuergesch schwätzen. Dat ass den A an den O fir ze reusséieren. Wichteg ass et och ni d‘Gedold ze verléieren, och wann eppes net déi 1. Keier klappt. Dann eben ebe bei der 2. Keier.

 

Facebook
Email
WhatsApp