Interview mam Claire Delcourt

Claire, mir hunn déi lescht Woche vill Diskussiounen iwwer Toiletten a Schoule matkritt. Du hues doropshin eng Motioun an der Chamber deposéiert.

Jo, mir hu musse reagéieren, well d’ADR, an och d’CSV eng Diskussioun iwwer LGBTIQ+  instrumentaliséiert hunn, fir se op eng Toiletten-Diskussioun ze reduzéieren an ze polariséieren, an esou goufen alt erëm déi fundamental Rechter vu queerë Leit a Fro gestallt. Dofir hu mir d’Regierung opgefuerdert, eng Schëpp bäizeleeë bei der Implementatioun vun hirem nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vun LGBTIQ+ Persounen ze stäerken. A mir hunn och gefuerdert, datt d’Regierung ganz genee soll oppassen, wéi si nei Mesurë kommunizéiert, fir esou Manipulatiounen a Verdréiungen, wéi se elo vun ADR an och vun der CSV gemaacht goufen, ze verhënneren. Zu Lëtzebuerg ass nämlech bal all zweet queer Persoun Affer vun Diskriminatioun oder Gewalt – dat ass erschreckend, a muss ophalen.

Verschiddener géingen elo behaapten, et dierft een da jo gläich guer näischt méi soen?

Jo, et kritt een haut oft am Numm vun der Meenungsfräiheet d’Wieder am Mond verdréint. D‘Anti-Gender Beweegung, déi deen Narrativ verbreet, gëtt noweislech vun amerikanesche Fundamentaliste finanzéiert, déi och hannert der Campagne stinn, déi d’Recht op Ofdreiwung an de Vereenegte Staaten ofgeschaaft huet. Déi Organisatioun huet och reegelméisseg Reunioune mat rietse Parteivertrieder aus Lëtzebuerg, wat eis Suerge mécht. Dat si mir de 5. Februar vum Marc Angel a senge Panelisten op engem Event iwwer den Anti-Gender Movement gewuer ginn. Déi ganz Polemik huet also reell Konsequenzen op Mënscherechter, net nëmmen an den USA, mee konkret zum Beispill och an Ungarn a Bulgarien, wou d’Rechter vun LGBTIQ+ Persounen ëmmer méi staark ageschränkt ginn. Souwäit soll et hei am Land net kommen, dofir eis Motioun. Well mer mussen eis bewosst sinn, datt LGBTIQ+ kee Kulturkampf ass, mee eng Realitéit an eiser Gesellschaft – mir sinn eben net alleguerten d’selwecht – och wann d’ ADR oder d’CSV dat aus opportunisteschen a populistesche Grënn vläit gären esou hätten.

Wann s du op d’Diskussioun an de leschte Wochen zeréckkucks: Wat hätt d’Regierung – mee och d’Chamber – kënne besser maachen, fir d’Leit besser matzehuelen an d’Debatt méi sachlech ze féieren?

Ech mengen, et hätt ee vu vir eraus missten de Fokus anescht leeën. An enger Kommissiounssëtzung, wou et u sech sollt em Léiermaterial a Mesurë goen, fir eise jonken Akzeptanz, Respekt an Diversitéit ze vermëttelen, ass schlussendlech haaptsächlech en Toilettëprojet presentéiert ginn. Et hätt een dann och kloer kommunizéiere sollen, datt et sech heibäi em ee Pilotprojet fir 2032 an nëmmen engem neie Lycée handelt. An net, datt dono all Lycée Unisex Toilette kritt. U sech war den Ausléiser vum neie Konzept jo och, fir eng Léisung géint Vandalismus a géint Gewalt an zouenen Espacen ze schafen, duerch méi oppen a frëndlech Espacen, a mat maximaler Privatsphär do, wou ee se brauch. Fazit: D’Debatt ass ganz schnell vum eigentleche Probleem ofgeschwäift, och well de Fokus vun der initialer Kommunikatioun falsch loung.

Facebook
Email
WhatsApp