An der Schoul fillen ech mech (on)wuel – Interview mam Francine Closener

Francine, d’Wuelbefanne vun de Jonken an der Schoul ass DAT grousst Thema vun der LSAP bei dëser Schoulrentrée. Zesumme mat Ben Polidori a Sacha Pulli hues du  10 grouss Prioritéiten definéiert, wéi d’Schoul sech misst entwéckelen. Firwat ass dir d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken an der Schoul esou wichteg?

D‘Wuelbefannen ass eng Grondviraussetzung fir de schouleschen Erfolleg, dat weise ganz vill Etuden a positiv Beispiller aus dem Ausland.

Wann et engem net gutt geet, kann een net gutt léieren. Bei deen Erwuessenen ass dat jo och esou. Wann mir gestresst sinn, eis ze vill Suerge maachen, oder traureg sinn, da geet jo och eis Leeschtung op der Aarbecht erof. Dat ass ganz normal. An dann hëlleft et och net, einfach ze soen: „Allez hopp, da muss een eben op d’Zänn bäissen“ – bzw. mat Bezuch op d’Schoul: „An der Schoul ass ee jo net fir Spaass ze hunn, mee fir eppes ze léieren“.

Wann de Kapp scho voll ass mat Trauer, Angscht oder Suergen, dann ass einfach keng Plaz méi fir Mathé oder Franséisch. Et ass mir dofir immens wichteg, dass mir d’Wuelbefannen an der Schoul als eng iewescht Prioritéit verstinn – an dat natierlech net just bei de Kanner, mee och beim Personal. Och d’Enseignanten an d’Educateuren/Educatricë kënne just da wierklech fir d’Kanner do sinn, wann et hinne selwer och gutt geet.

Steet et da wierklech sou schlecht ëm de Bien-être ? 

Rezent Etüde fir Lëtzebuerg hu leider festgestallt, dass tatsächlech ronn e Véirel vun de Kanner am Fondamental an iwwer Drëttel vun de Jonken am Lycée soen, dass et hinnen net  gutt geet. Dat dierfe mir net op d’liicht Schëller huelen, wa mir net wëllen, datt ëmmer méi Jonker ënner Depressiounen, Phobien, Iessstéierungen an anere mentale Krankheete leiden. Och vill Enseignantë soen an den Ëmfroen däitlech, dass si gestresst a midd sinn, ze dacks kuerz virum Burn-Out.  An mir wësse jo leider och, dass vill vun de Kanner mat spezifesche Besoinen sech an der Schoul net gutt fillen, well hier Inklusioun net esou geléngt, wéi se eigentlech misst.

Mee natierlech dierf een net alles schwaarz molen. Natierlech ginn et och ganz vill Kanner, déi gären an d’Schoul ginn an Enseignanten, déi sech an hirem Beruff ganz wuelfillen. D’Personal an de Schoulen an de Maison Relaisen leescht all Dag ganz vill, fir dass d’Kanner sech bei hinne solle wuelfillen.

Nawell ass et wichteg, fir elo aktiv ze ginn. De Bien-être an der Schoul ass net optional, mee ee Must.

Wat misst da gemaach ginn, fir d’Wuelbefanne vun de Kanner an Erwuessenen an der Schoul ze verbesseren?

Hei gesäit d’LSAP wierklech ganz vill Potenzial. An eiser rezenter Pressekonferenz hu mir eng ganz Rei Punkte presentéiert, déi eis Schoulen zu enger Plaz maache sollen an där jidderee sech wuelfille kann. Mir wëllen dem kierperlechen, mentalen a soziale Wuelbefannen an der Schoul z. B. dee selwechte Stellewäert ginn. D‘Schoulmedezin ëmfaasst aktuell just de kierperleche Volet, mee mir fannen, dass Gesondheet muss verstane ginn als kierperlecht a mentaalt Wuelbefannen. Mir wëllen eng staark ëffentlech Schoul, mat verbesserten Inklusiounsmesuren an enger partizipativer Schoulgestaltung, déi Kreativitéit, kritescht Denken, Demokratie an Zesummenaarbecht fërderen. A mir wëllen virun allem och, datt de Ministère vill méi personell a finanziell Ressourcen a d’Betreiung vun deene ganz Klengen investéiert. Sief et mat méi conventionnéierte Crèchen, sief et mat engem 2. Intervenant an der Spillschoul . Dat steet iwwregens am Regierungsprogramm, mir erwaarden, datt de Minister de Punkt elo ëmsetzt.

Fir de Rescht verweisen ech op eis aktuell Bildungscampagne matt allen Detailer op eiser Websäit bildung.lsap.lu

Villmools Merci Francine. 

Facebook
Email
WhatsApp