Interview mam Patrick Dury – President vum LCGB

Här Dury, den 1. Mee steet traditionell am Zeeche vun de Rechter vun de Salariéen. Dëst Joer steet en zousätzlech am Zeeche vun enger wuessender Onzefriddenheet mat der aktueller Sozialpolitik vun der Regierung. Wat fir eng Noriicht wëllt Dir de Salariéen zu Lëtzebuerg an dësem Kontext mat op de Wee ginn?

Den LCGB wäert sech dësen 1.Mee fir e staarkt a soziaalt Europa asetzen. Eise Message un eis Memberen an d’Salariéen hei am Land wäert sinn, datt mir eis gemeinsam matt de Kolleege vum OGBL fir Solidaritéit, Demokratie a sozial Gerechtegkeet an eisem Land mussen asetzen. De Sozialdialog muss dobäi am Vierdergrond stoen.

 

Den 28. Juni hunn LCGB an OGBL zesumme fir eng national Manifestatioun an der Stad Lëtzebuerg opgeruff – e staarkt Zeeche vun Eenegkeet. Wat huet dëse Schulterschluss konkret ausgeléist, a wéi interpretéiert Dir dat gewuesse gewerkschaftlecht Zesummespill am aktuelle politesche Klima?

Di reegelrecht Attack vun der Regierung op eise Sozialmodell, andeems d’Kollektivvertragsgesetz a Fro gestallt gëtt, d‘Sonndesaarbecht an d’Ëffnungszäite liberaliséiert solle ginn an d’aktuell Manéier, ewéi eise Pensiounssystem vu Regierung a Patronat a Fro gestallt gëtt, maachen eng strukturéiert Zesummenaarbecht, also mei ewéi e Schulterschluss, net nëmmen noutwendeg, mee si quasi eng Obligatioun, wann d’Gewerkschaften d‘Rechter an d’Acquise vun de Salariéen an domadder och eise Sozialmodell wëllen  ofsécheren – an net zulescht de soziale Fridden hei am Land wëllen erhalen. D’Regierung  wëll eng „nei a modern Politik“ op Käschte vun eisem Sozialmodell féieren? Dann reagéieren d’Gewerkschaften effizient mat neie moderne Léisungen, fir d’sozial Acquisen ofzesécheren.

D’Kritik un der Sozialpolitik vun der Regierung bezitt sech ënner anerem op den Ëmgang mam sozialen Dialog. Wat sinn aus Siicht vum LCGB déi dringend Korrekturen, déi musse politesch ugesi ginn – a wou gesitt Dir Gemeinsamkeete mat de Prioritéite vun der LSAP?

D’Regierung muss sech kloer zu eisem Sozialmodell bekennen, also der Tripartite matt 3 Partner op Aenhéicht. All Attack op d‘Kollektivvertragsgesetz muss direkt op en Enn bruecht ginn. Elementer ewéi Sonndesaarbecht, Ëffnungszäite sollen zu drëtt am Comité Permanent du Travail et de l‘Emploi gekläert gi, woubäi Verännerungen op der Basis vu Kollektivertragsverhandlungen ze privilegéiere sinn. Diskussioun ronderëm Stäerkung vun eisem Pensiounssystem gehéieren an eng Tripartite. Aus den Entrevue’en matt de Kolleege vun der LSAP weess ech ganz kloer, datt des Positioun, di OGBL an LCGB, ewéi gesot, gemeinsam vertrieden, och vun der LSAP gedeelt gëtt.

Déi aktuell Erausfuerderunge – vum demographesche Wandel iwwer d’Digitaliséierung bis hin zum Wunnengsnout – betreffen all d’Salariéen. Wou gesitt Dir an de nächste Joren déi gréisst Gefor fir d’sozial Kohäsioun hei am Land, a wéi kënne mir do entgéintwierken?

Déi gréisste Gefor kennt net duerch extern Faktoren ewéi Digitaliséierung, mee just duerch déi aktuell inacceptabel Approche, déi d‘Regierung géintiwwer vun de Gewerkschaften an eisem Sozialmodell huet. Et ass nämlech dëse Sozialmodell, d’Tripartite zesummegesat aus Regierung, Patronat a Gewerkschaften, di op Aenhéicht konnt matenee Léisunge fanne, wann eis Ekonomie a Problemer komm ass. Des Léisunge waren ëmmer e Kompromëss a sinn ëmmer de Betriber, also den Aarbechtsplazen an de Salariéen zegutt komm. Wann een also dëse Modell net mei well, esou wei de Premierminister dat onmëssverständlech zum Ausdrock bruet huet, da komme mir ganz schnell a ganz grouss Problemer, well mir incapabel wäerte sinn, déi Léisungen ze fannen, déi d‘Land a Leit brauchen an de soziale Frieden steet dann och ganz séier um Spill.

Facebook
Email
WhatsApp