Här Wolff, Dir sidd President vun der CGFP, der gréisster Gewerkschaft am ëffentlechen Déngscht. Wéi ass d’Positioun vun der CGFP par rapport zu de Gewerkschaften am Privat Secteur ?Sinn z.B den OGBL an den LCGB fir Iech e Partner bei Froe vu sozialer Gerechtegkeet ?
Der CGFP hire Käroptrag besteet doranner, sech fir d’Interête vun de Leit an der Fonction publique anzesetzen. Mir engagéieren eis ënnert anerem fir besser Aarbechtskonditiounen an eng adäquat akontinuéierlech Lounpolitik. Et ass awer net esou, wéi wann d’CGFP total lass geléist vun deenen anere Gewerkschafte géif handelen. Wann et drëms geet, fir am Kader vun enger Tripartite Entscheedungen am Interessi vum Land a senger Bierger ze treffen, zéien déi dräi national repräsentative Gewerkschaften un engem Strank. D’Pensiounen an de Sozialdialog sinn z.B. zwee Sujeten, bei deenen sech d’CGFP an déi aner zwou grouss Gewerkschaften net auserneen dividéiere loossen.
D’Ried vum Premier am Kader vum „Etat de la Nation“ huet fir vill Reaktioune gesuergt – och an der Fonction publique. Wat sinn d’Haaptmessagen, déi Dir aus dëser Ried matgeholl hutt?
Iwwerrascht huet eis dem Premierminister seng Ausso am Kontext vun der Pensiounsreform, besonnesch wat déi an Aussiicht gestallten Erhéijung vun de Cotisatiounsjoren ubelaangt. Mir sinn ëmmer dovunner ausgaangen, dass fir d’éischt Verhandlungen an enger Tripartite-Konstellatioun géifen ufänke, am Plaz direkt faits accomplien ze schafen, mat deenen déi fir den Hierscht geplangte Gespréicher hypothekéiert ginn.
Aus deem Grond ruffe mir de 25. Juni ëm 13:30 Auer eis Comitéen, stellvertriedend fir all eis Memberen, zu enger Protestmanifestatioun virun der Chamber op. Et ass un der Zäit, dass sech och d’Deputéierte bei dësem Thema, wat eis all ugeet, solidaresch mat de Biergerinnen a Bierger weisen. Un d’Regierung geet iwwerdeems den Appell, hir „Stoussrichtung“ vum Dësch ze huelen, fir datt d’Verhandlunge kënnen op enger neutraler Ausgangsbasis ufänken.
Den 28. Juni ruffen LCGB an OGBL zu enger gemeinsamer nationaler Manifestatioun an der Stad Lëtzebuerg op, d’CGFP rifft hir Leit de 25.Juni zesummen. Firwat net gemeinsam?
Eis Gremien hunn decidéiert, dass d’CGFP net un dëser Manifestatioun wäert deelhuelen. Mir sinn zur Erkenntnis komm, dass vill Sujeten, déi do thematiséiert wäerte ginn, net direkt an d’Kärmissioun vun der CGFP passen. Mir erklären eis awer solidaresch mat den Uleien vun deenen zwou Gewerkschaften aus dem Privé a besonnesch mat de Leit, déi do concernéiert sinn, ouni awer eng aktiv Roll wëllen z‘iwwerhuelen. D’CGFP organiséiert de 25. Juni hir eegen Demonstratioun, mat där en éischt symbolescht Zeeche gesat gëtt. Sollten d’Pensiounen an de Sozialdialog eng Kéier e Sujet vun enger gemeinsamer Manifestatioun sinn, wäert sech d’CGFP deem net verschléissen.
D’Sozialpolitik vun der aktueller Regierung stéisst op Kritik – besonnesch wat de sozialen Dialog an déi rezent Annoncen zu de Pensiounen ugeet. Wat sinn aus der Siicht vun der CGFP déi dréngend politesch Verbesserunge? A gesitt Dir konkret Iwwerlappunge mat de Prioritéite vun der LSAP?
Nieft där vun der Regierung geplangter Pensiounsreform ass aus CGFP-Siicht d’Steierreform eng vun den ieweschte Prioritéiten. Zil muss et sinn, e méi gerechte System ze schafe wéi deen aktuellen. Dobäi gëllt et opzepassen, dass wann déi ablécklech Steierklasse sollten ofgeschaaft ginn, keng nei Ongerechtegkeeten oder Verschlechterunge fir d’Privatleit entstinn.
D’CGFP ass der Meenung, dass d’Privatstéit am Verglach zu de Betriber ze staark belaascht ginn. An de Joren 2002 bis 2013 ass d’Steierlaascht bei de personnes physiques ëm 162 % (!) geklommen. Bei den Entreprisë war et an deem selwechten Zäitraum eng Hausse vun nëmmen 18 %. Hei besteet dréngenden Handlungsbedarf. Op deem Punkt vertrëtt d’CGFP eng änlech Positioun wéi d’LSAP.
Do dernieft fuerdert d’CGFP eng automatesch Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun. Si ass och der Meenung, dass am Logement zousätzlech fiskal Moossname mussen ëmgesat ginn, fir d’Mëttelschicht z’entlaaschten.