Léift Tina, Léiwe Ben, dir hutt viru Kuerzem d’Presidence vum LSAP-Nordbezierk iwwerholl – eng spannend Aufgab. Wat motivéiert iech dës Erausfuerderung unzegoen?
Mir hunn d’Presidence vum LSAP-Bezierk Norden zesummen iwwerholl, well mir un d’Kraaft vum Zesummenhalt gleewen – besonnesch an engem Bezierk wéi eisen, wou d‘Mënschen eng enk Zesummenaarbecht schätzen. Et geet eis drëm, eng sozial gerecht Politik fir all Eenzelnen ze maachen – fir déi jonk Generatioun, fir Familljen, fir déi eeler Leit. De Mënsch muss am Mëttelpunkt stoen, net d’Statistik oder d’Maartwirtschaft. Dës Aufgab ass net nëmmen eng politesch, mee och eng mënschlech Erausfuerderung, déi mir mat groussem Respekt a vill Engagement unhuelen.
Den Norde vum Land ass éischter ländlech gepräägt an impressionéiert virun allem duerch seng immens schéin Natur. Gläichzäiteg ginn et am Norde grouss Erausfuerderunge wéi zum Beispill d’Urbaniséierung am Raum Dikrech/Ettelbréck an d‘Accessibilitéit vum ëffentlechen Transport. Wat sinn d’Prioritéite vun der LSAP Norde fir den Nordbezierk? Wou wëllt dir als Nordbezierk politesch Akzenter setzen – op regionalem wéi op nationalem Niveau?
Den Norde brauch eng Politik, déi de Leit vum Norden nolauschtert a fir si handelt.
Mir setzen eis a fir:
- Mobilitéit a Vernetzung: D’Accessibilitéit an d’Qualitéit vum ëffentlechen Transport musse weider verbessert ginn – och a klenge Uertschafte wäit ewech vun den Haaptaxe. Och de Projet N7 gehéiert weider als eng Prioritéit.
- Urbaniséierung mat Mooss: Mir brauchen eng equilibréiert Entwécklung – Wunnenge fir jiddereen, ouni d’Natur ze zerstéieren oder d’Infrastrukturen z’iwwerlaaschten.
- Gesondheets- a Sozialservicer an all Eck vum Land: Keng Persoun dierf wéinst sengem Wunnuert benodeelegt ginn. Mir wëllen d’Gesondheetsversuergung no beim Bierger garantéieren – dat heescht och, datt mir eis fir d‘Weiderentwécklung vu Spideeler, Maisons Médicales, Community Health Nurse a psychosozial Offere staark maachen.
Allerdéngs musse mir eis och mat eiser eegener Situatioun auserneesetzen. Den Nordbezierk war ze laang inaktiv. Mir spillen eng wichteg Roll. Mir sinn de Lien tëscht der Stad an de lokale Sektiounen. Mir mussen d’Kommunikatioun stäerken an och méi Präsenz weisen, fir datt d’LSAP am Norden nees eng méi staark Stëmm kritt. Zesummen ënnert de Leit muss nach méi gemaach ginn.
D’LSAP steet fir eng Politik no bei de Leit. E Bezierk ass nëmmen sou gutt wei seng Sektiounen. Wéi plangt dir, de Kontakt zu de Sektiounen am Bezierk ze stäerken – a wéi stäerke mir de Bezierk an d’Sektiounen aus dem Norden?
D’Sektioune sinn d’Häerzstéck vun eisem Bezierk – mir wëllen hinnen nolauschteren, si vernetzen, inspiréieren a mat konkrete Mëttelen ënnerstëtzen.
Dofir plange mir:
- Reegelméissegen Austausch mat alle Sektiounen.
- Thematesch Aarbechtsgruppen, wou Memberen sech iwwert regional Themen austausche kënnen.
- Oppent Bezierkstreffen mat Invitéë vu baussen, fir nei Dynamik an d‘Diskussioun ze bréngen.
- Den Informatiounsfloss méi séier an transparent maachen.
Mir sinn iwwerzeegt: Wa mir zesumme stinn, kënne mir vill beweegen. D’LSAP Norden huet vill ze bidden – a mir wäerte mat Engagement a Wäitsiicht dru schaffen, eis Regioun sozial gerecht a nohalteg virunzebréngen.
Zesumme fir ee besseren Norde vu muer.