„Jidderengem eng fair Chance ginn“ – Aussepolitesch Ried vum Marc Angel

Spriecher fir d’LSAP war de Marc Angel, President vun der aussepolitescher Kommissioun. Ugeschwat huet hien a senger Ried e.a. d’Fräihandelsofkommes TTIP, de Lëtzebuerger Engagement an der NATO souwéi déi politesch Situatioun an enger Rei vu sougenannte Kriselänner.

Den Haaptakzent huet den LSAP-Deputéierten awer op d’Flüchtlingsthematik an domadder onmëttelbar verbonnen, op de Funktionnement vun der Europäescher Unioun geluecht.

Zu dësem Thema sot hien e.a. dat heiten:

„Während d’Slowakei an Ungarn géint déi beschlosse Quoteregelung viru Gericht zéien an och eng Rei aner Länner nach ëmmer net ugefaangen hunn, des Verdeelung an d’Praxis ëmzesetzen, sinn ech frou vum Minister nach eemol d’Bestätegung ze héieren, dass Lëtzebuerg sech senger Verantwortung hei voll bewosst ass an och schonn domatt ugefaangen huet, Leit am Kader vum Relokalisatiounsmechanismus opzehuelen. Och wann et hei nach ëmmer un der Solidaritéit vun enger Rei Memberstaten mangelt, gëtt et dach och ëmmer erëm Liichtblécker: Irland huet sech fräiwëlleg dozou entscheed, bei dësem Relokalisatiounsmechanismus matzemaachen, a sent domatt en wichtegt Signal un déi Staaten, déi festen Deel vu Schengen sinn.

 Mer mussen als Unioun awer och Griicheland bei der Bewältegung vun der Unzuel un Flüchtlingen, déi hei Dag vir Dag ukommen, hëllefen. Dëst ëmsou méi, well de facto Schléissung vun der Balkanroute dozou féiert, dass ëmmer méi Léit a Griicheland versuergt musse ginn.

 Mir musse Griicheland och bei der Grenzsécherung ënnerstëtzen. Net nëmmen aus Solidaritéit, mee och well eis endlech muss kloer ginn, dass déi Grenzen net just Griicheland gehéieren, mee och ons. D’ lëtzebuergesch Grenze sinn haut net méi just 359 km laang, mee iwwert 11.000 km. Dofir ënnerstëtze mir als LSAP och den Opbau vun engem gemeinsamen europäeschen Grenz –a Küstenschutz, Frontex +, vir dass mer ons endlech gemeinsam a solidaresch em des Baussegrenze këmmere kënnen.

 All d’Länner mussen hei en gemeinsame Fokus op all Grenze leeën an sech geigesäiteg Solidaritéit weisen.

Wéi d’Baltesch Staaten an d’Osteuropäesch Staaten sech no der illegaler Annexioun vun der Krim duerch Russland Suergen em hier Sécherheet gemaach hunn, hunn mer och solidaresch reagéiert an, am Kader vun der NATO, Mesurë geholl. Genausou kann ee vun dëse Länner awer och elo Solidaritéit an Hëllef bei der Sécherung vun de Grenzen am Süden erwaarden.

 Als LSAP ënnerstëtze mir d’Initiativen vun der Europäescher Kommissioun an d’Positioune vun onsem Ausseminister voll a ganz.

 Als Europäer musse mir ons solidaresch weise mat de Flüchtlingen a jidderengem eng fair Chance ginn.

Mir mussen och matt eisen europäesche Partner, déi am stäerkste belaascht sinn duerch d’Flüchtlingen, solidaresch bleiwen, mee dobäi och unerkennen, dass et net d’Flüchtlinge selwer sinn, déi sech eraussiche kennen, a wéi engem Land si Asil ufroen däerfen.

 Matt dësen Initiativen hunn mer d’Ursaache vun der Kris nach net geléist. Mee si erlaben ons et awer, d’EU esou opzestellen, dass mer dëse Leit effektiv hëllefe kennen.

 Well dat ass, am Numm vun der Mënschlechkeet, ons Pflicht.”

 

Dem Marc Angel seng integral Ried kënn Dir hei noliesen (woubäi dat geschwate Wuert zielt).

Débat politique étr. et europ. 2016_ Intervention Marc Angel

 

Facebook
Twitter