Ëmmer méi haart schloe sämtlechen Acteuren, déi mat Kanner a Jugendlech ze dinn hunn, Alarm.
Ville Jonker geet et net gutt. Ursaachen duerfir ginn et der vill.
Gewalt, Mëssbrauch, awer och mentalen Drock, Zukunftsängscht, Suchtproblemer, digitaler Iwwerreizung avm.
Kanner a Jugendlech sin die Vulnerabelst an eiser Gesellschaft.
Si hu wuel Rechter, mee déi ginn dacks bewosst oder onbewosst ignoréiert – a bis Hëllef kënnt, vergeet dacks ze vill Zäit.
Etat de la Nation“ – a wou bleift den „ Etat de la Jeunesse“?
Och wann de Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun – fir d’éischte Kéier iwwerhaapt !- e puer Sätz zu der mentaler Gesondheet vun de Jonke gesot huet, gehéiert de Bien-être vun all de Kanner sonner Zweifel net zu de Prioritéite vun CSV-DP:
Nach ëmmer gëtt eng keng Reform vum Jugendschutz.
Nach ëmmer ass Cybermobbing net an de Code Pénal ageschriwwen.
Nach ëmmer musse Kanner mat spezifesche Besoine vill ze laang op Hëllef waarden.
Nach ëmmer gëtt et keen SEPAS an der Grondschoul, net iwwerall Tutorat am Secondaire.
Nach ëmmer ass d’Schoul als soziale Lift „ en panne“.
Nach ëmmer gi Mannerjäreng net wierklech virun online Gewalt an online Pornografie geschützt.
Nach ëmmer gëtt et keng Medienerzéiung, déi deen Numm verdéngt.
Nach ëmmer gëtt et keng kohärent, interministeriell Strategie. D’Regierung huet zwar Initiativen ugestouss – wéi z. B. d’Digital Detox-Campagne oder eng punktuell Ënnerstëtzung fir Jugendhaiser –, mee dat sinn ze dacks eenzel, isoléiert Moossnamen; et feelt un enger laangfristeger an duerchduechter Struktur.
Sou gëtt den „Etat de la Jeunesse“ natierlech net besser.
D’LSAP setzt sech dofir an, de Jugendschutz op verschidde Piliere méi staark z’ënnerleeën:
- Eng digital Charta fir Jonker: mat klore Richtlinne fir sozial Netzwierker a Plattformen, fir d’Rechter an d’Wuel vu Kanner a Jugendlechen ze garantéieren.
- Méidimensional Schutzkonzepter an de Schoulen an an de Maisons Relais: emotional, sozial an digital Erzéiung mussen als Prioritéit an den Alldag integréiert ginn.
- D‘Stäerkung vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher: méi Ressourcen an e méi breet Mandat, fir d’Stëmm vun de Jonken och wierklech duerchzesetzen.
- De Cybermobbing an de Code pénal aschreiwen a konsequent sanktionéieren
- D’Gesetzreform vum Jugendschutz endlech ëmsetzen
- Eng richteg Verantwortungsgemeinschaft ronderëm all Kand. Et kann net sinn, dass Kanner duerch d’Netz falen, well all Service mengt, et wier engem aneren seng Aufgab. Fir d’Wuel vum Kand muss d’Vernetzung -déi den Okaju net midd gëtt, ze fuerderen – endlech Realitéit ginn.
E séchert Ëmfeld fir eis Jugend ass keng Optioun – et ass eng Obligatioun. Als LSAP wäerte mir weider dru schaffen, dass all Kand zu Lëtzebuerg d’Chance kritt, sécher, fräi a mat Perspektive grouss ze ginn.
A wann d’Regierung dat och wëll, abbé :
Weise gëllt !