Bei der nächster Kris riskéiert Lëtzebuerg plakeg do ze stoen. D’Regierung huet zwar hir „National Resilienz-Strategie“ presentéiert, mat flotte Schlagwierder wéi „all-Risiko“ a „pan-gesellschaftlech“. „Mee konkret geschitt guer näischt: et gëtt keng systematesch, reegelméisseg Informatioun un d’Stéit, keng landeswäit Übunge mat der Zivilbevëlkerung, a keng transparent Rechenschaft doriwwer, wat wierklech ëmgesat gëtt“, sou d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert.
Datt beim Krisemanagement hei zu Lëtzebuerg villes um seidene Fuedem hänkt, an datt verschidden Instanzen iwwerfuerdert schéngen, wann et drop ukënnt, hunn déi rezent Cyberattack op d’Post an den Ausfall vu LuxTrust leider gewisen. A wéi séier et ka goen, a wéi wichteg et ass, esouwuel am Krisemanagement ewéi och an der Krisekommunikatioun virbereet ze sinn, hunn d’Konsequenze vum grousse Black-out op der ibeerescher Hallefinsel am Abrëll d’lescht Joer oder de rezente Sabotage vu Stroumleitungen zu Berlin gewisen.
Mee trotz dëse Warnunge klappt et mam „preparéiert sinn“ zu Lëtzebuerg nach ëmmer net: d’Bevëlkerung gëtt net konsequent op Noutfäll virbereet, d’Krisekommunikatioun ass weder effizient nach ageüübt, an e konkrete Plang, deen am Eeschtfall direkt gräift, gëtt et och net wierklech. An den Opruff vun der EU-Kommissioun am Mäerz 2025, datt all Stot mindestens 72 Stonnen autonom muss kënne fonctionéieren, gouf hei am Land gréisstendeels ignoréiert.
„Resilienz fänkt bei Kommunikatioun un: oppen, kloer a zouverlässeg; ouni Panik, mee mat konkrete Recommandatiounen. Preventioun ass keng PR. Preventioun muss konkret, repetitiv a fir jidderee verständlech sinn“, ënnersträicht d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding, an erënnert un d’LSAP-Motioun iwwer Resilienz a Krisemanagement, déi zwar am Abrëll d’lescht Joer vun der Chamber ugeholl gouf, mee wou zënterhier näischt méi geschitt ass.
Dofir fuerdert d’LSAP endlech konkret Aktioune vun der Regierung, fir datt Lëtzebuerg am Krisefall sech a senger Bevëlkerung ze hëllefe weess:
- eng national, méi-sproocheg Informatiounscampagne mat konkrete, praktesche Recommandatiounen (Wat maachen am Krisefall, wou Hëllef fannen, etc.);
- eng Broschür un all Stot, an de meescht geschwate Sproochen, mat Informatiounen dozou, wat ee brauch a wéi een sech soll uleeë, fir 72 Stonnen autonom ze sinn;
- reegelméisseg Übunge mat der Zivilbevëlkerung an de Gemengen;
- Material a Campagnen an de Schoule fir Kanner, Jonker a Léierpersonal;
- Warn- an Informatiounskanäl, déi net just alarméieren, mee och kloer Instruktioune ginn, wéi een sech verhale soll.
D’Fro ass nämlech net, ob Lëtzebuerg eng Strategie um Pabeier huet – d’Fro ass, ob jidderee weess, wat e maache muss, wann déi nächst Kris virun der Dier steet!
