“Léiwer lues, duerfir awer sécher!” – Fräi Tribün vum Georges Engel

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) beschäftegt sech de Georges Engel mat de Corona-Krise-Moossname vun der Regierung an der entspriechender Exit-Strategie. Den LSAP-Fraktiounschef erkläert firwat dës, wéi vun der Regierung geplangt, Schrëtt fir Schrëtt ëmgesat gi muss, besonnen, ëmmer begleet vun den alen an neie Schutzmoossnamen an ëmmer d’Entwécklung vun den Infektiounszuele fest am A.

Hei dem Georges Engel säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


Léiwer lues, duerfir awer sécher !

 

Et ass ze verstoen: Vill Leit hunn ëss, fir et riet eraus ze soen, genuch. Si wëllen endlech erëm „normal“ Saache maachen: mat Frënn een huelen oder iesse goen, bei de Coiffer oder an d’Schwämm goen, d’Bomi an de Bopi bzw. d’Enkelen erëm an den Aarm huelen.

Jo, et gëtt net wéineg Leit – an och dat bréngt dat laangt doheem si mat sech – déi wëssen elo hir Aarbechtsplaz méi ze schätzen. Anerer, déi am Moment iwwerduerchschnëttlech gefuerdert sinn, wäre frou, wann si sech e bësse kéinten erblosen. Ech denken hei natierlech un all déi Leit, déi an den sougenannten essentielle Secteure schaffen an deenen hir Leeschtung net héich genuch luewe kann, mee awer och un d’Pappen an d’Mammen, déi am Moment mat hire Kanner doheem sinn an sech z.B. mam Home-Teaching mat ganz neien Erausfuerderunge confrontéiert sinn.

Et ass elo eppes méi ewéi 5 Wochen hir, dass d’Regierung den Noutstand ausgeruff huet. Eng ganz Rei Moossnamen si säitdeem getraff ginn, déi sécherlech en Aschnëtt an d’Liewe vun eis all bedeit hunn, mee déi néideg ware fir d’Verbreedung vum neie Corona-Virus esouwäit wéi nëmme méiglech ze verhënneren. Iewescht Ziel war et ëmmer, eise Gesondheetssystem net ze iwwerlaaschten, a Situatioune wéi mir se an Italien oder bei am franséische Grand-Est gesinn hunn, ze verhënneren. Déi gutt Noriicht ass, dass all déi getraffe Moossnamen, wéi d’Zuele weisen, gewierkt hunn.

D’Regierung, virop d’Ressortministesch Paulette Lenert, huet d’Gesondheet vun de Bierger vun Ufank un virun alles gesat. Dat ass och gutt esou, all aner Approche wär an engem humanisteschen a fräie Land, a mengen Aen, an an den Ae vun der LSAP, net virstellbar.

Vergiessen däerf een awer op kee Fall, de sozialen, de psycheschen Drock den esou e Confinement mat sech bréngt. Dowéinst an och opgrond vun der ekonomescher Onsécherheet – esougutt fir  d‘Patronen ewéi fir d’Salariéeën -, ass et nëmmen normal a richteg, elo eng éischt Ouverture a Richtung Normalitéit ze maachen.

Dëst muss, wéi vun der Regierung geplangt, Schrëtt fir Schrëtt geschéien, besonnen, ëmmer begleet vun den alen an neie Schutzmoossnamen an ëmmer d’Entwécklung vun den Infektiounszuele fest am A.

Wichteg ass eis als LSAP dass déi eenzel Ouverturen an dee verschiddene Beräicher zäitno mat deene responsabelen Acteuren, Patronen, Beruffsverbänn, Gewerkschaften a last but not least de Gemenge beschwat a virbereet ginn. A mär wäerten eis weider asetzen, dass déi Beräicher, déi eréischt méi spéit opmaachen däerfen, mat zousätzlechen och finanziellen Hëllefe kënne rechnen. Ganz am Sënn vun der LSAP. Déi, déi et brauchen, solle gehollef kréien.

Nach méi ewéi bei den éischte Lock-Down-Moosnaamen, ass et beim Exit wichteg, dass mär all beienee stinn, dass mär eis all bewosst sinn, dass mär, all Eenzele vun eis, Deel vum Ganzen, Deel vun der Léisung zum Problem ass. Et ginn hei sécherlech vill Weeër, fir dësen Exit unzegoen. Kuckt iech déi Länner ronderëm un. Mär stinn hei fir e virsiichtege Wee, e Wee, deen d’Gesondheet vun eise Bierger an de Mëttelpunkt stellt.

Gesondheetlech, psychologesch a wirtschaftlech wär et e schwéiere Schlag wa mir, opgrond vun enger ze schneller Ouverture erëm missten zeréck fueren. Da léiwer lues, awer sécher. Dat léist eis och nach Zäit fir an eis ze goen, déi lescht Woche Revue passéieren ze loossen, a wann et nëmme méiglech ass, d’Léieren aus dëser éischter Etapp vun enger grousser Kris ze zéien. Vläicht, wann et geléngt nëmmen e bësse vun där Solidaritéit an där Empathie, déi mär bis elo erlieft hunn, an eist zukünftegt Liewen, eisen zukünftegen Alldag ze retten, dann hu mir och eppes Positives erreecht.

 


 

Facebook
Twitter