D’LSAP Sektioun Mëllerdall, déi aus de Gemenge Bäerdref, Beefort, Bech, Waldbëlleg a Konsdref besteet, ass gëschter Sonnden, de 5. Oktober offiziell gegrënnt ginn.
„D’Grënnung vun enger neier Sektioun ass eppes Spezielles, Seelenes mee immens Positives. Se beweist, datt eis Partei lieft a weider wiisst: E staarkt Signal!“ hunn d’Parteipresidente Francine Closener an Dan Biancalana, déi bei der Grënnungsversammlung dobäi waren, ënnerstrach, an der neier Ekipp aus dem Mëllerdall ronderëm de Ben Streff fir hire Courage an hiert Engagement Merci gesot.
„Als Memberpartei leien der LSAP d’Memberen am Meeschten um Häerz. Mir sinn d’Partei vun der Basis – d’Partei vun de Bierger, dat dierf ni a vu kengem vergiess ginn!“, sou de Ben Streff, deen no der JS-Osten (2012) mat der Sektioun Mëllerdall schonn déi zweet Sektioun an der LSAP grënnt. Hien iwwerhëlt de Poste vum President vun der neier Sektioun bis zur éischter uerdentlecher Generalversammlung, a wäert dann d’Mandat un de Laurent Dielissen weiderginn.
D’Initiativ gouf och vun der Ost-Deputéiert Paulette Lenert an dem fréieren EU Komissär Nicolas Schmit mat grousser Freed begréisst. De fréieren Minister, EU-Kommissär an nach ëmmer Bäerdrefer Nicolas Schmit huet betount: „D’Sozialdemokratie huet och an eiser Regioun eng laang Traditioun. Et ass en encouragéierende Message, datt dës Traditioun mat neier Dynamik weidergedroe gëtt.“
Mat der Grënnung vun der Sektioun Mëllerdall steet fest: d’LSAP lieft, gewënnt nei Memberen a stäerkt hir Präsenz am ganze Land.