„D’Sozialpolitik ass vun der Regierungsagenda verschwonn – d’sozial Ongerechtegkeeten ginn als normal empfonnt! Net mat eis! Mir ginn de Leit déi richteg Perspektiven, konkret Verbesserungen. Well nëmmen eng sozial gerecht Gesellschaft ass eng Gesellschaft, déi fonctionnéiert!“
Um Neijoerschpatt ass d’Partei zesummekomm, mam Verspriechen, alles ze maachen fir datt 2025 d’sozial Gerechtegkeet op der politescher Agenda bleift!
Fir d’Parteipresidente Francine Closener an Dan Biancalana, de Generalsekretär Sacha Pulli an d’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding ass et wichteg, datt d‘LSAP eng zolidd a konkret Oppositiounspolitik mécht, an deem se hir Wäerter verdeedegt a fir déi sozial Gerechtegkeet kämpft.
Hei puer Impressioune vum gelongenen Owend.📸