LSAP-Summerinterview (4): Marc Angel

An eiser Serie vun den LSAP-Summerinterviewen hei den 4. Deel mam Marc Angel.

 

  1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-„déi gréng“-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Erfrëschend!

  1. Wat war fir Iech, de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

Di parlamentaresch Dimensioun vun der Lëtzebuerger EU-Presidence.

  1. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

Positiv markéiert huet mech, dass an de Froe ronderëm d’Refugiéen ausser enger Partei all un engem Strang gezunn hunn.

Negativ markéiert huet mech, dass mer heiansdo a verschiddenen Dossier wéi z.B. beim neie Scheedungsgesetz net méi séier weiderkommen.

  1. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

D’Aarbechtslosegkeet weider drécken, eng gutt a gerecht Reform vun de Gemengefinanzen, e modernt Gesetz zum Divorce an der Autorité parentale.

  1. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

Vakanz bedeit ofschalten ,raschten a genéissen, am Beschten iergendwou an der Sonn beim Waasser.

Facebook
Twitter