Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister, un den Här Wirtschaftsminister an un den Här Sportminister weiderzeleeden.
D’Maison du Luxembourg huet den 11. August 2024 hier Dieren zougemaach – déi paralympesch Spiller, mat ënnert anerem 2 Lëtzebuerger Sportler an hiren Begleeder, hunn allerdéngs den 28. August ugefaang an daueren nach bis den 8. September 2024.
Dozou wéilte mir gären dem Sportminister follgend Froe stellen:
- Firwat ass d’Maison du Luxembourg net wärend de paralympesche Spiller op nodeems bekannt war dass Lëtzebuerg och mat zwee Sportler vertruede wier?
- Ewéi gesäit de genaue finanzielle Bilan (Recettë & Depensë) vun der Maison de Luxembourg 2024 aus? Ewéi genau setzen sech sämtlech Käschten déi am Kader vun der Maison de Luxembourg an den Olympesche Spiller entstan sinn, zesummen?
- D‘Concerte vun de Läb & NOSI déi den 1.8 sollten an der Fan Zone vum Team Deutschland iwwert d’Bün sollte goen, goufe kuerzfristeg annuléiert. Firwat goufen des Concerten ofgesot an aus wéi enge Grënn goufen des Concerte net op een aneren Dag verluet? Sinn heifir awer Käschten entstan a wien huet des Käschten iwwerholl?
- An der Maison du Luxembourg sinn och Table ronde, mat der Agence pour le développement de l’emploi (ADEM), respektiv mam Ministère de la Santé organiséiert ginn. Firwat hunn dës Table ronde zu Paräis stattfonnt? Wat war d’Plus-value dës Evenementer zu Paräis ze organiséieren?
- Gedenkt d’Regierung och eng Maison du Luxembourg bei den nächsten olympesche respektiv dann och fir déi paralympesch Spiller zu Los Angeles an d’Liewen ze ruffen?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz & Georges Engel – Député.e
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°1136
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.