Mat Courage an Zouversiicht an d’Zukunft!

2026 brauche mir eng Politik mat Kompass: sozial gerecht, mënschlech a couragéiert. Well d’Welt dréit sech weider vill ze séier a Richtung Zynismus a Recht vum Stäerkeren. Grad dofir brauch et zu Lëtzebuerg eng staark a selbstbewosst LSAP schreiwen d’Parteipresidente Francine Closener an Dan Biancalana.

 Wat kënne mir maachen, fir datt 2026 e gutt Joer gëtt? Dat ass d’Fro, op déi mer eis sollte konzentréieren, an net d’Zukunft deenen iwwerloossen, déi déi Menschen Angscht maachen. Natierlech dierfe mir net de Kapp an de Sand stiechen.

Mee responsabel sinn, dat bedeit, de Leit ze (be)weisen, datt et e bessere Wee gëtt. Grad, well et international a national weidergeet mat schlechten Nouvellen. Grad dofir ass et wichteg, datt mir net resignéieren an eis net am Pessimismus verléieren!

Mir liewen an Zäiten, an deenen internationaalt Recht a gemeinsam Reegelen ouni ze zécke gebrach ginn. Dat geschitt net aus Zoufall, mee aus Calcul. Wann d’Weltmuechten sech eraushuelen, Ofkommes a Prinzippie just nach dann ze respektéieren, wann et hinnen an de Krom passt, da liewe mer an enger Welt liewen, wou dee méi Staarke „Recht“ huet, just well e méi staark ass. Dat ass d’Welt vun den iraneschen Ajatollahen, dem Trump, dem Putin, dem Netanyahu, oder nach dem  Xi Jinping an aneren. A mir dierfen eis näischt virmaachen: och bei eis ginn et genuch Leit, déi dat gutt fannen.

An duerfir brauch et elo, méi wéi jee, politeschem Courage.

Courage heescht: opstoen an deenen d’Stier bidden, wann d’Demokratie futti gemaach gëtt. Stopp soen, och wann et diplomatesch oder wirtschaftlech onbequeem ass. Och engem Donald Trump Stopp soen, wann hie Reegele brécht a Partnerschaften a Fro stellt. Sou wéi mer engem Vladimir Putin Stopp soen, wéinst sengem Krich an der Ukrain. A sou wéi mer engem Benjamin Netanyahu musse Stopp soen, wann hien e Genozid provozéiert an dem Ajatollah Khamenei musse Stopp soen, wann en säin eegent Vollek brutaalst nidderschléit. Stopp soen am Numm vum Recht, dem Fridden an der Mënschlechkeet!

An do däerfe mir eis keng Duebelmoral erlaben. Mir däerfen net den Androck vermëttelen, dat wann et „bei de Richtegen“ geschitt, da kucke mir ewech, a wann et „bei de Falschen“ geschitt, da gëllen op eemol nees d’Reegele, d’Recht an d’Wäerter. Dat ass keng couragéiert Politik; dat ass Feigheet, oder vorauseilender Gehorsam.

Leider mécht d’Lëtzebuerger Regierung do keng Ausnam. Lëtzebuerg muss seng Stëmm notzen an Drock maachen, virun allem an der EU, mat konsequente Positiounen, Initiativen, an Allianzen. Mir mussen als klengt Land grad drop pochen, datt internationaalt Recht net verhandelbar ass.

Eis Regierung relativiséiert a waart of. Deem kënne mer net nokucken.

D‘LSAP ass viru bal 125 Joer vu Mënsche gegrënnt ginn, déi Ongerechtegkeeten net akzeptéiert hunn. Dës Traditioun verflicht.

Eng gutt Zukunft verlaangt Courage: eng Politik fir de Mënsch a mat Mënschlechkeet. Mir hunn et sat mam Zynismus, mam Erofkucken op déi méi Schwaach, mam alldeegleche Rassismus, an och der sozialer Diskriminéierung. Och zu Lëtzebuerg ginn et Tendenzen, Politik ze entmënschlechen. Do maache mir net mat.

De Wee vun der LSAP, dat ass duerfir de Wee vun der Responsabilitéit.

Viru véier Joer hu mir als Presidenten d’Partei iwwerholl. Et war, an et ass nach ëmmer, intensiv. Mir hunn d’Parteizentral nei opgebaut, d’lescht Joer eng Statutereform vollbruecht, an dëst Joer stëmme mir um Kongress eisen neie Grondsazprogramm. Dat gëtt de Kompass vun der LSAP: eis Wäerter, eis Prinzippien, d’Séil vun der Partei. Hien definéiert eis zukünfteg Politik, a jo, eis Zukunft!

Fir eis ass Grondsazprogramm dann och dat läscht Kapitel un der Spëtzt vun der Partei. Mir trieden um nächste Kongress net méi un. Mir hunn den Tour gemaach: d’LSAP ass haut eng jonk, modern Partei, déi – erëm – funktionéiert, selbstbewosst ass an zukunftsfäeg. An duerfir gi mir d’Schlëssel weider un eng nei Exekutiv, déi mat frëscher Energie d’LSAP an d’Walen 2028 an an d’Zukunft féiert.

Eng gerecht Gesellschaft, de géigesäitege Respekt, an de Courage, dergéint ze hale bleift eise Wee. De Wee vun der sozialer Gerechtegkeet. De Wee vun der LSAP.

 

 

Facebook
Email
WhatsApp