Mir droe Verantwortung. Gëschter, Haut a Muer!

D’Zukunft vun eiser Gesellschaft fänkt do un, wou mir gemeinsam Verantwortung droen – fir d’Mënschen, fir Zesummenhalt a fir eng gerecht Welt. Déi Wäerter, déi d’LSAP ëmmer gedroen huet, bleiwen och haut eise Kompass: Solidaritéit, Gerechtegkeet, Fräiheet a Sécherheet.

Si sinn net nëmmen Iwwerzeegungen – si sinn Handlungsprinzipien, déi eis Politik alldeeglech leeden. An enger Zäit, wou Onsécherheet an Egoismus oft d’Iwwerhand gewannen, steet d’LSAP fir e kloren a mënschleche Géigenentworf: mir stellen de Mënsch an d’Mëtt.

Zäitgläich beweist eis Partei, datt si lieft, denkt a sech weiderentwéckelt. D’Zukunftsakademie, déi de leschte Samschdeg stattfonnt huet, huet dat op en Neits gewisen. Mat vill Energie, Engagement an oppenen Diskussiounen hu mir zesummen iwwer d’Froen an d’Erausfuerderunge vu muer nogeduecht. Dat ass „LSAP“ am beschte Sënn: engagéiert, kritesch, solidaresch an no bei de Leit.

Dobäi si nei Wäerter an Iddie kloer ginn, déi eis politesch DNA am 21. Joerhonnert ergänzen:
➡️ Nohaltegkeet – well sozial Gerechtegkeet nëmme funktionéiert, wann och d’Natur an d’Ressourcë gerecht behandelt ginn.
➡️ Fortschrëtt – well mir un eng Zukunft gleewen, an där Innovatioun an Technologie de Mënsch stäerken, net ersetzen.
Mir waren a sinn déi progressiv Stëmm hei am Land. Wärend aner Parteien an Diskussiounen aus anere Joerhonnerte verfalen, kucke mir no der Zukunft. D’DP huet mat verschiddene vun hire Vertrieder kloer gemaach, dass si net déi modern Partei sinn, fir déi si sech gären ausginn. Modern, dat si mir – ouni eis Wuerzelen ze vergiessen; mee och déi, eis Grondwäerter sinn sou aktuell wéi ni.

Mat dëser Dynamik a mat dëser Haltung kucke mir voller Vertrauen op de Kongress de 14. Mäerz, wou mir eisen neie Grondsazprogramm wäerte beschléissen. Dat gëtt net just en Text op Pabeier, mee eng Orientéierung fir déi nächst Joren – e kloert Bekenntnis zu enger sozialer, fräier an nohalteger Zukunft.

Mir hunn eppes ze soen. A mir hunn nach vill ze beweegen.
Merci un all déi, déi dobäi sinn – an déi d’LSAP zu deem maachen, wat si ass: eng lieweg, oppen a fortschrëttlech Beweegung.

Facebook
Email
WhatsApp