Interview mam Nora Back (OGBL)

Interview vum 18. Dezember 2024

No de Chamberwalen den 8. Oktober 2023 koum et zu engem Changement vun der Regierung. Déi nei CSV-DP Regierung ass eng liberal-konservativ a wirtschaftsno. Wéi huet sech fir den OGBL / d’Salariat d’Aarbecht geännert? 

Mir ware jo schonns ganz kritesch wéi mer de Regierungsprogramm gesinn hunn, den op ville Punkten net eisen Iwwerleeungen entsprëcht, och wann en deelweis nach vage war, sief dat am Steierrecht, Aarbechtsrecht, Logement, Sécurité sociale oder och Ëmweltpolitik.

Duerfir hu mer eis schonn drop agestallt, dass et inhaltlech schwiereg géif ginn an dass mer eis a villen Domainë misste wieren.

Wat mech allerdéngs e bëssen iwwerrascht huet, dass di Methoden déi benotzt gëtt fir d’Gewerkschafte à l’Ecart ze halen, aus Diskussioune rauszehalen, oder se als ee Partner vun villen ze gesinn och a Beräicher déi historesch am Sozialdialog gewuess sinn.

An et gëtt probéiert d’Gewerkschafte kléng ze rieden, dat mat falschen Zuelen, an et gëtt vergiess dass di wirtschaftlech Prosperitéit an de Sozialmodell zu Lëtzebuerg och de Gewerkschaften ze verdanken ass.

Also ech si schonn iwwerrascht dass eng DP mat der mer an der vergaangener Regierung, zumindest zum Schluss, e gudden Dialog haten, an och eng CSV, déi historesch jo och fir de Sozialdialog stoung, lo de Sozialdialog mat de Gewerkschafte wëlle futti maachen.

Mee mir wäerten eis mat anere Moyen’en ze wiere wëssen, do kënnt der iech drop verloossen.

Aus der Press kritt een ëmmer méi d’Impressioun, dass den OGBL an den LCGB sech op deene meeschte Punkten eenz sinn, och op Punkten wou den LCGB soss aner Positiounen hat. Si mir um Wee a Richtung vun enger Eenheetsgewerkschaft? 

Den OGBL war an ass nach ëmmer fir eng Eenheetsgewerkschaft gewiescht. Et wier eng wichteg Stäerkung vun der Gewerkschaftsbeweegung.

Den Här Mischo, respektiv di ganz Regierung, huet et lo fäerdeg bruecht dass OGBL an LCGB insgesamt méi enk zesummen schaffen.

Mäer sinn  eis an deenen akuten Dossier’en zu 100 Prozent eens sinn, sief dat béi de Pensiounen, béi der Gesondheetskees, béi de Kollektivverträg oder och béi der Sonndesaarbecht.

Et ass evident dass mer déi Erausfuerderungen, d’Afrostelle vun dem Rôle vun de Gewerkschafte wéi nach kéng Regierung virdrun et gemaach huet, gemeinsam vill besser kënne meeschteren.

Ech muss awer och soen dass och virdru schonns déi zwou grouss Gewerkschaften op villen Dossier’e gutt zesummegeschafft hunn, an dat notamment och am Kader vun der Chambre des Salariés.

Wéi schätzt Dir als Presidentin vun der Chambre des Salariés d’Kräfteverhältnis tëscht dem Salariat (CSL) an dem Patronat (UEL) géintiwwer der neier Regierung an? 

Ech géing lo net vun Kräfteverhältnis tëschent CSL an UEL schwätzen. Dat sin zwee verschidden Niveau’en.

D’CSL ass éischter mat de Patronatschambres ze vergläichen, an dir wësst jo wie virum Här Ernster Präsident vun der Chambre de commerce war, also do brauch ech jo lo net weider dropanzegoen zu wéi enger Säit eng besser Relatioun besteet.

D’Chambre de commerce ass awer och Member vun der UEL, eng UEL déi a mengen Aen och ganz kloer éischter d’Ouer vun der Regierung huet wéi lo d’Gewerkschaften.

An et geséit ee jo : a villen Dossier’en gëtt vun dëser Regierung 1 zu 1 eng Patronatspositioun iwwerholl.

Wann der allerdéngs vu Kräfteverhältnis schwätzt, kënnt et jo net nëmmen op d’Relatioun mat der Regierung un.

Éischtens denken ech dass mer an deenen Dossier’en déi lo zur Diskussioun sti di besser an di richteg Argumenter hunn ; mir hunn och d’europäescht Recht an dat internationaalt Recht op eiser Säit wann ech un den Dossier vun de Kollektivverträg denken, wou dat wat d’Regierung wëlles ass, géint aktuellt Gesetz verstéisst.

Wa mer mat eisen Argumenter trotzdeem net ukommen, da musse mer, an da wäerte mer d’Kräfteverhältnis op en aneren Niveau bréngen, well mir kënnen et net zouloossen dass villes wat wärend 100 Joer opgebaut gouf, vun enger eenzeger Regierung zerstéiert gëtt.

D’Ministesch Martine Deprez huet an engem scheinbaren “Alleingang” ugekënnegt, dass ee misst de Pensiounssystème analyséieren an huet domat d’Dier fir potentiell Pensiounsreformen opgemaach. Wéi stitt Dir zu dësem Virstouss? Ginn d’Gewerkschaften genuch consultéiert?

Dat ass sécher keen Alleingang, et steet am Regierungsprogramm dass eng Consultatioun soll gemaach ginn. Mee verschidden Äusserunge vun der Ministesch sinn natierlech beonrouegend an et freet een sech wat di Consultatioun iwwerhaapt soll, op se net eng Alibifunktioun huet, an d’Regierung a Wierklechkeet schonns genau weess wat se wëll maachen.

Eng breet Consultatioun ass an sech positiv, mee ech denken awer dass d’Sozialpartner herno d’Haaptinterlocuteure mussen si wann et wierklech soll zu enger Reform kommen. Well si hunn de System mat opgebaut a matfinanzéiert. Leider fäerten ech dass dat net wäert de Fall sinn, wat eng weider Afrostellung ass vun dem Sozialdialog zu Lëtzebuerg.

Ech muss awer soen dass mir och fir eng Reform sinn. D’CSL huet d’ailleurs virun e puer Joer eng Propositioun de loi gemach. Et geet eis drëms di niddreg Renten ropzesetzen, den Ajustement ze erhalen an och d’Allocation de fin d’année ze assuréieren. Duerfir muss legiferéiert ginn.

Finanziell gesinn, kënne mer an enger éischter Phase op d’Réserve zréckgräifen – déi ass duerfir do – a wann et dann eng Kéier net méi duergeet mussen nei Recettë geschafe ginn.

Weider Verschlechterunge wéi se lo schonns duerch d’Reform vun 2012 am gaange sinn ze geschéie musse verhënnert ginn. Et ass lo schonn sou dass d’Altersaarmut zu Lëtzebuerg sech an deenen leschten 10 Joer verduebelt huet.

Eng staark Revendicatioun vum OGBL ass d’Festhalen um Index-Système, wéi en aktuell besteet. Kënnt Dir Iech virstellen, dass déi aktuell liberal Regierung un den Index wëll goen, a méiglecherweis den Index wëll déckelen?

Et ass ganz kloer dass eng Manipulatioun vum Index an iergend enger Form fir eis en No Go ass. Ech denken dat hu mer an deene leschte Jore bewisen.

Et kann och net sinn, dass all Kéier wann d’Inflatioun e bëssen unzitt, den Index a Fro gestallt gëtt. Grad da wann en am meeschte gebraucht gëtt.

Am Regierungsprogramm steet jo dran, dass wa méi wéi eng Indextranche an engem Joer erfält, dass dann eng Tripartite ass fir iwwert Mesuren ze schwätzen.

Leider kann ech mer ganz gutt virstellen, och opgrond vun der Erfarung vun denen leschten Méint, dass an sou enger Situatioun déi aktuell Regierung wéilt un den Index fréckele goen, an zum Beispill Tranchë verréckelen op Käschte vun der Kafkraaft vun de Leit.

Dir sitt zesumme mam LCGB aus der Réunioun vum Comité permanent du travail et et de l’emploi (CPTE) gaang. Waren déi dozou ausléisend Aussoen vum Aarbechtsminister Mischo ee Faux-pas vun engem Minister-Rookie, oder hutt Dir d’Gefill dass den Aarbechtsminister Mischo bewosst versicht, d’Salariat “klengzehalen”?

Och d’CGFP, déi vun dem Dossier em den et gaangen ass (Kollektivverträg) lo net sou betraff ass, huet aus Solidaritéit de Sall verlooss. Sécherlech huet d’Methoden an d’Aart a Weis vum Minister derzou bäigedroen dass d’Situatioun derapéiert ass.

Haaptsächlech ass et awer en inhaltleche Problem, an do hat de Minister entretemps genuch Méiglechkeete seng Positioun kloerzestellen. En huet dat net gemaach.

Also ass et fir mech kloer dass dat bewosst gemaach gëtt, dass probéiert gëtt d’Gewerkschafte klengzehalen an hinnen dat exklusiv Recht ewechzehuele fir Kollektivverträg ze verhandelen an ze ënnerschreiwen. Dat ass eng total Afrostellung vun de Gewerkschaften a vum Lëtzebuerger Sozialmodell den, bis den Här Mischo mat sengen Iddie koum, gutt funktionéiert huet.

Mee hei gëtt lo sou gemaach wéi wann dat nëmmen e Problem wier fir d’Gewerkschaften. Et ass virun allem och e Problem fir all di schaffend Leit déi op e gutt Kollektivverträg ugewise sinn.

Ouni Gewerkschaften déi déi verhandelen, sinn se dem Patron an de Verhandlungen total ënnerlee’en an op sech gestallt, wat à terme zum engem Nivellement vers le bas wäert féieren an zu manner gudde Kollektivverträg.

D’ailleurs huet esouguer d‘OCDE an enger Etude bestätegt dass de Kollektivvertragssystem sou wéi en am Moment zu Lëtzebuerg funktionéiert Kollektivverträg vun enger gudder Qualitéit ervirbréngt.

Et mussen der just méi sinn an duerfir muss et an Zukunft eng Obligatioun gi fir d’Patronat fir sektoriell Kollektivverträg ze verhandelen.

An dësen Zäiten an deenen d’Rechter vun de schaffende Leit ëmmer méi mat Féiss getrëppelt ginn, wéi wichteg ass do eng staark Relatioun tëscht der LSAP an dem OGBL?

Dir wësst dass de den OGBL parteipolitesch onofhängeg ass, an sech a sengen Relatiounen zu Parteien dorun orientéiert wéi d’Parteien sech a punkto Rechter vun de schaffende Leit positionéieren.

Grad an dësen Zäiten ass et fir eis natierlech wichteg eng stäerk Relatioun mat Parteien zu hunn déi sech fir di schaffend Leit asetzen.

Opgrond vu villen Aussoen déi ech an der Lescht vu Responsaablen vun der LSAP héieren hunn, sinn ech der Meenung dass mer eis do op villen Punkten eens sinn wéi jo och e rezente gemeinsame Communiqué weist.

Facebook
Email
WhatsApp