Muecht viru Recht: eng geféierlech Eskalatioun

Militäresch Gewalt am Numm vun “Demokratie” a “Sécherheet” ass keng Léisung. D’Entféirung vum venezuelanesche President duerch d’USA stellt d’international Reegelen op de Kapp – mat Konseuqenzen fir d’Weltuerdnung an demno och fir eis. Firwat mer dat net dàerfen akzeptéieren, doriwwer hunn eis Fraktiounspresidentin Taina Bofferding an eisen aussepolitesche Spriecher Yves Cruchten eng Tribune libre opgeholl, déi der hei noliese kënnt.

TAINA:
Déi Déi militäresch Interventioun vun den USA am Venezuela an d’Entféierung vum President Nicolás Maduro a sénger Fra ass méi wéi just en neien internationale Konflikt. Si stellt eng fundamental Fro: Wat bleift vum internationale Recht, wann eng Supermuecht sech iwwer all Reegelen ewechsetzt?

YVES:
Éierlech, Taina… dat ass net méi “Geopolitik”. Dat ass reng Muechtpolitik. Et ass déi al Logik: “Mir sinn déi Stäerkst, mir diktéieren d’Regelen.” An de Rescht soll w.e.g. an d’Hänn klappen.

TAINA:
An d’Leit, déi dat gutt fannen, soen dann: “Jo, mä de Maduro ass en Diktator.” Wéi wann dat automatesch e Blankoscheck wier fir militäresch Gewalt!

YVES:
Genee. Dat ass déi perfide Rhetorik, déi ëmmer erëm kënnt. “Mir maache Krich fir d’Demokratie.” Dat ass eng Geschicht, déi mer zënter Joerzéngten héieren. An all Kéier bleift e futtist Land zréck, d’Leit bezuelen de Präis, an déi, déi d’Bomben geheit hunn, gi weider op hir nächst “Mission”.

TAINA:
An et geet ëmmer ëm “Sécherheet”, ëm “Stabilitéit”, oder wéi haut: ëm “Drogenhandel”… Et kléngt esou vernënfteg… bis een sech freet: Zënter wéini ass de Bombardement eng Form vu Friddens-Aarbecht?

YVES:
Eben! A juristesch gesinn ass et nach méi kloer: Internationaalt Recht ass net eng Menüskaart, wou een sech erauspickt, wat engem passt. D’UN-Charta seet: Gewalt ass verbueden, ausser Selbstverdeedegung oder duerch e Mandat vum Sécherheetsrot.

TAINA:
An de Prezedenzfall… dat ass dat grujelegst. Wann d’USA dat kënnen, firwat soll Russland dat net kënnen? Firwat soll China dat net kënnen? Firwat sollen d’USA net och nach Grönland iwwerhuelen? Um Enn geet d’Welt am Chaos ënner.

YVES:
An da kënnt nach d’EU… an do kréien ech wierklech Mokrämp. Vun de konservativen EU-Leadere héiere mir wéi ëmmer: ganz vill “Mir ruffen zur Rou op.” Mee et feelt hinnen de Courage fir ze soen “Dat geet net. Dat ass illegal.”

TAINA:
D’EU-Kommissiounspresidentin kléngt heiansdo wéi een, dee bei enger Kläpperei dobäi steet a seet: “Maacht w.e.g. e bësse méi lues…”, amplaz ze soen: “Stop! Hei gëtt eng Grenz iwwerschratt.”

YVES:
Jo. An da froe mer eis, firwat d’Welt eis net méi eescht hëlt. Wéi soll d’EU nach moralesch Autoritéit hunn, wann si aner Länner fir Rechtsbréch kritiséiert — mä wann d’USA et maachen, da seet si: “Bon, et ass komplizéiert…”

TAINA:
Et ass net komplizéiert. Et ass eng Fro vu Prinzip. A virun allem: Et ass eng Fro vu Mënschen. D’Venezuelaner si keng Schachfiguren. Dat si Leit, Familljen, Kanner. Si liewen dacks an Aarmut an dës Interventioun wäert dat net besser maachen.

YVES:
D’Argument “Mir retten d’Venezuelanesch-Bevëlkerung” ass esou zynesch. Wann een de Leit wierklech wéilt hëllefen, da mécht een Diplomatie, humanitär Hëllef, an et setzt op international Mechanismen — net op Gewalt.

TAINA:
An do ass de Message och fir Lëtzebuerg: Mir däerfen net nëmme flüsteren, wann d’Recht gebrach gëtt. Mäer mussen eis kloer positionéieren. Well wann internationaalt Recht nëmme fir déi Kleng gëllt… da gëtt et iwwerhaapt kee Recht méi.

YVES:
Genee. Et geet hei net nëmmen ëm de Venezuela. Et geet ëm d’Fro: Gëllen d’Regelen fir jiddwereen — oder nëmme fir déi, déi keng grouss Arméi hunn?

TAINA:
Fir d‘LSAP ass dat inakzeptabel. Mënscherechter sinn universell a net selektiv. Si däerfen net fir geopolitesch Interessen instrumentaliséiert ginn. Wa grouss Muechten ufänken ze decidéiere wéi eng Regierungen „legitim“ sinn, a Presidenten kidnappen, dann ass déi international Uerdnung, dann ass och eis Sécherheet, besonnesch als klengt Land, seriös a Gefor.

Facebook
Email
WhatsApp