Nationalkongress 2025

De bessere Wee!

Ni mat Riets, sozial Gerechtegkeet an eng Statutereform: den LSAP Nationalkongress 2025 definéiert e bessere Wee an d’Zukunft.

Eestëmmeg hunn déi ronn 350 Delegéiert vum Nationalkongress eng Resolutioun gestëmmt, déi de Rietsextremen d’Stier weist. Des Resolutioun, déi de Maurice Schwarz am Numm vun der Parteileedung an d’Taina Bofferding fir d’Fraktioun presentéiert hunn, fuerdert d’Partei an hir Member a Mandatairen op, keng Zesummenaarbecht mat rietsextreme Parteien anzegoen, an och de Leit, déi des Parteie wielen, nei, besser Perspektiven ze ginn, fir datt se net op déi Ligekonstrukter vu Rietsextreem brauchen eranzefalen. An engems, sou den Deputéierte Franz Fayot a senger Interventioun, muss een och d‘Grousskapital an déi grouss  Investisseuren am Aen halen, déi de Rietsextremismus fërdere, well deen am Numm vum autoritäre Kapitalismus fir si d’Aarbecht vum sozialen Ofbau iwwerhëlt.

Am selwechte Geescht huet den Olivier Cano eng Resolutioun erabruecht, déi de Sozialdialog als Pilier vum Lëtzebuerger Erfollegsmodell soll erhalen. Well, sou den Deputéierte Georges Engel a senger Interventioun, dat wat d’Regierung den Ament géing maachen, a virop den Aarbechtsminister, dat wär soss näischt wéi d’Gewerkschafte kujenéieren an de Lëtzebuerger Sozialmodell futti schloen. Och dës Resolutioun gouf vum Kongress, mat nëmmen enger Enthalung, ugeholl.

Dës 2 Resolutiounen hunn de bessere Wee gewisen, op deem d’LSAP d‘Land an d’Zukunft wëll féieren, an deen d’Parteipresidenten Francine Closener an Dan Biancalana an hirer politescher Ried um Ufank vum Kongress beschriwwen hunn.

D’LSAP muss sech als Partei erëm méi ideologesch abréngen, fir de populisteschen a rietsextreme Parteien hiren Erfolleg ze stoppen. Duerfir ass et wichteg datt d’LSAP nei politesch Perspektiven ausschafft, an de Leit d’Hoffnung op e bessert Muer zréckbréngt.

Haart Kritik gouf et an deem Sënn un der Regierung vum Romain Schaaf, deen als Parteimember d’Wuert gefrot hat, fir d’Onmënschlechkeet vun der CSV-DP Koalitioun unzeprangeren. Dës géif net nëmmen näischt fir déi Leit maachen, déi struewele fir iwwer d’Ronnen ze kommen, mee se géif dës Leit einfach ignoréieren, maachen ewéi wann et se net géif. An duerfir wär d’LSAP gefuerdert, fir dëse Leit hir Dignitéit erëmzeginn an hinnen eng besser Zukunft ze garantéieren.

Datt d’LSAP dat als staark Partei fäerdeg bréngt, ass sonner Zweiwel. D’LSAP huet sech nämlech iwwer déi lescht 2 Joer nei a breet opgestallt – de Bilan vun der Exekutiv schwätzt hei fir d’Aarbecht, déi an der Parteizentral gemaach gëtt. Dat geet u mat enger Rekordzuel vun neie Member, déi konnte rekrutéiert ginn, net zu Lescht duerch déi grouss „+1+ Campagne déi nach ëmmer am Gaang ass. An engems gouf de Kontakt mat der Parteibasis gefleegt, ausser enger grousser Disponibilitéit fir d’Memberen goufen Entrevuë mat all eenzel Sektioun gehal fir de Bols ze fillen an Iddie mat ze huelen. Och an der Kommunikatioun mat de Member ass villes geschitt, sief et de Newsletter oder den LSAP Info oder déi sëllegen Eventer, déi organiséiert goufen a ginn, wéi zum Beispill de Sektiounsquiz de 5. Juli oder den elo schonns traditionellen Tour op d’Schueberfouer.

Datt d’LSAP eng modern Partei ass a bleift – duerfir mussen d’Statute suergen, déi reegelméisseg iwwerschafft ginn. D’Statutereform, sou den LSAP-Generalsekretär Sacha Pulli, ass awer net nëmmen do fir dës u Realitéiten unzepassen oder se ze vervollstännegen, oder fir d’Demokratie an d’Transparenz an der Partei weider auszebauen an ze verfestegen. D’Statutereform ass e Stéck an engem méi grousse Puzzle, wou zum Schluss d’Iwwerschaffe vum LSAP Grondsazprogramm steet. Dëse neie Grondsazprogramm gëtt mat de Memberen ausgeschafft, d’Preparatioune lafe schonns an den Aarbechtsgruppen,  an eng grouss éischt Diskussioun gëtt et den 11.Oktober op der Zukunftsakademie.

 


E Fotoréckbléck:

Facebook
Email
WhatsApp