„Nei Erausfuerderunge fir d‘Aarbechtswelt: d’Patrone mussen zréck un de Verhandlungsdësch“ – Fräi Tribün vum Georges Engel

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) beschäftegt sech de Georges Engel mat de groussen Ännerunge vun der Aarbechtswelt duerch d’Digitaliséierung. Dës géif, esou den LSAP-Deputéierten, eng ganz Partie Chancen bidden – mee fir dass mir déi hei zu Lëtzebuerg och kéinten notzen, misste Gewerkschaften, Patronat a Regierung matenee schwätzen, verhandelen an zesummen no Léisunge sichen.

Hei dem Georges Engel säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

„Nei Erausfuerderunge fir d‘Arbechtswelt: d’Patrone mussen zréck un de Verhandlungsdësch“

 

D’nächst Woch, de 19. November, ruffen den OGBL, den LCGB an d’CGFP op eng gemeinsam Protestaktioun – dat nodeems d’Patronatsorganisatioun UEL am September ugekënnegt hat, dass an hiren Aen de Modell vun der Tripartite iwwerlieft an um Enn wier.

Déi dräi grouss, representativ Gewerkschaften hu sech zesumme gedoen, fir ze erreechen, dass d’Patron‘en nees zréck un de Verhandlungsdësch kommen, esou dass Gewerkschaften, Patronat a Regierung zesumme kennen iwwert déi nei Erausfuerderungen diskutéieren, déi op d’Aarbechtswelt duerkommen, an virun allem iwwert déi néideg Moossname fir déi Verännerunge virzebereeden an ze begleeden.

An un Defi’en, Problemer a Knackpunkte feelt et sécher net:

Grouss Ännerunge vun der Aarbechtswelt duerch d‘Digitaliséierung si voll am Gaang a wäerten an de nächste Joren a Joerzéngte weider unhalen an deels nach méi staark ginn. Mir mussen dës Entwécklung all zesumme preparéieren an encadréieren.

Schonn elo gesäit een dass d’Digitaliséierung Afloss huet op d’Aarbechtszäiten, d’Aarbechtsformen an d’Aarbechtsverhältnisser. Dofir musse mir d’Aarbechtsrecht un dës nei Konditiounen upassen: d’LSAP wäert alles maachen, fir dass onbefristet Aarbechtsverträg weider d’Reegel bleiwen, fir dass all Mensch ka vun enger adäquater sozialer Ofsecherung profitéieren a fir dass d’Digitaliséierung nët just am Sënn vun der Profitmaximéierung zum Asaz kënnt, mee och a virun allem benotzt gëtt fir dass d’Salariéen duerch méi flexibel Aarbechtszäitmodeller hiert Privat- a Beruffsliewe besser ënnert een Hutt kréien. Wéi dat am Detail kann a soll ausgesinn, doriwwer muss eben am grousse Krees verhandelt ginn.

Et stëmmt nämlech net, dass esou Froen aleng tëscht dem Patron a sengem Salarié kënne gereegelt ginn: natierlech musse si sech eens ginn – mee de rechtleche Kader, dee fir fair a korrekt Verhältnisser suergt, dee muss virdrun ofgestach sinn, soss ass de Salarié dem Patron komplett ausgeliwwert. Dat stëmmt zum Beispill, wann et drëms geet fir eng besser Reegelung vum Télétravail ze fannen oder och fir en „Droit à la déconnexion“ an ze féieren…

An Zukunft wäerten doriwwer eraus och eng ganz Rei Aarbechtsplazen an -ofleef vu Grond op änneren, ganz verschwannen oder vu Maschinnen oder Computeren iwwerholl ginn. Dofir wäerten amplaz nei Beruffer a nei Beruffsbiller entstoen. Fir prett ze sinn fir dës Defi’en, brauche mer Programmer a Begleetmoossname fir Weiderbildung an Ëmschoulung fir d’Salariéen, mee och Mesurë fir de Betriber ze hëllefen sech ëmzestellen. All déi Erausfuerderunge kënne Betriber, Ugestallten an d‘Politik nëmmen zesumme meeschteren.

D’Digitaliséierung bitt eng ganz Partie Chancen – fir dass mir déi hei zu Lëtzebuerg och kennen notzen, musse Gewerkschaften, Patronat a Regierung matenee schwätzen, verhandelen an zesummen no Léisunge sichen: de Sozialdialog an der Tripartite ass e bewäerte Modell, en traditionellt Instrument, dat zu Lëtzebuerg zanter Joerzéngten erlaabt huet, fir Kompromësser a gutt an equilibréiert Solutiounen ze fannen, an esou de soziale Fridden ze garantéieren.

D’LSAP, a mat hier déi ganz Regierung, steet dofir voll a ganz hannert dem Tripartite-Modell a wäert sech dofir staark maachen, dass d‘Patronat seng Responsabilitéit vis-à-vis vun der Gesellschaft iwwerhëllt an zréck un de Verhandlungsdësch kënnt.

 

Facebook
Twitter