Nei Projete fir d’Arméi: Dronen, Helikopteren an e Militärspidol.

Am Kader vun der Debatt iwwert déi zukünfteg Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Arméi huet d’Staatssekretärin Francine Closener an der Chamber eng Rei vun neie Projeten am Zesummenhang mam Lëtzebuerger NATO-Engagement ugekënnegt.

francine-closener

Esou plangt d’Regierung den Asaz vun Dronen zu Opklärungszwecker. Den Asaz vu bewaffenten Dronen huet d’Francine Closener awer konsequent ausgeschloss. Och ass virgesinn d’militäresch Kompetenzen an der Loft mat der Uschafung vun dräi Militärhelikopteren auszebauen. Dës solle bei der „Evacuation médicale“ agesat ginn, e entspriechende Projet, den zesumme mat der Belsch kéint lancéiert ginn, gëtt den Ament vun der Regierung gepréift. Ausserdeem huet d’LSAP-Staatssekretärin d‘Pläng fir e Militärspidol detailléiert. Dës Ariichtung soll sech op d’Beräicher Traumachirurgie an Epidemië konzentréieren an als „Centre médical de crise de la défense“ mat zousätzleche Better fir verletzt Zaldoten bzw. Zivilisten am Fall vun enger nationaler Kris fonctionnéieren. A krisefräien Zäiten soll d’Spidol d’medezinesch Versuergung vun der Zivilbevëlkerung ënnerstëtzen.

Hei der Staatssekretärin Francine Closener hir Ausféierungen am Detail:

 

view video on chd.lu
Facebook
Twitter