Ni mat Riets – Taina Bofferding & Maurice Schwarz

 

Link: Tribune Libre – Ni mat Riets

 

Taina:

Rietsradikal Ideologië si kee Relikt aus der Vergaangenheet

si sinn eng reell a brandaktuell Gefor fir eis Demokratie.

D’Demokratie steet ënner Drock:

Nach ni goufen an de leschten 20 Joer

esou wéineg Staaten

demokratesch regéiert

wéi haut!

Mär erliewen e Réckgang bei de Fräiheeten,

bei der Gläichstellung

a bei de sozialen Errongeschaften.

An den USA zum Beispiell,

do gesi mär grad

wéi den Donald Trump

demokratesch Institutiounen a Prinizippien futti schléit,

fir esou seng Muecht ze sécheren.

Mee och an Europa gesi mär,

wéi riets-autoritär Politiker,

den Orban an Ungarn ass ee Beispiell,

d’Pressefräiheet aschränken,

d’Grondrechter a Fro stellen,

d’Gewaltentrennung schwächen,

an duerch Desinformatioune geziilt probéieren

eis Gesellschaft ze splécken.

An dësem Prozess spillen och d’Sozial Medien

eng dominant Roll,

virun allem, mat hierem Afloss op déi Jonk,

Maurice.

 

Maurice:

Jo, Plattforme wéi X

sinn enner dem Musk eng Spillwiss ginn

fir Haass, Hetz a Rassismus.

Ënner dem Deckmantel vun der Meenungsfräiheet

ginn hei Desinformatioun an demokratiefeindlech Propaganda verbreet.

Rietsextreemer a Populisten

notzen op dës Manéier sozial Medien,

fir Minoritéiten ze diffaméieren

an e Klima vun der Angscht ze schafen.

Nationalismus, Verschwörungstheorien a geziilt Desinformatioune

si leider kee Randphänomeen méi,

mee dränge sech ëmmer méi an de Mainstream.

Se ënnergruewen d’Grondwäerter vun eiser Gesellschaft:

Fräiheet, Gläichheet a Gerechtegkeet.

 

Taina:

Dat si Wäerter

fir déi eis Partei, d’LSAP,

zënter iwwer 120 Joer fest asteet a kämpft.

Mär sinn duerfir  houfreg

ëmmer op der richteger Säit vun der Geschicht

gestanen ze hunn

an do wäerte mär och an Zukunft stoen!

Ouni Kompromësser!

Dofir ënnersträiche mär nach eemol:

Ni mat Riets!

D’LSAP distanzéiert sech kloer vu Riets.

Nimools

wäerte mär eng Zesummenaarbecht mat hinnen agoen,

Nimools op nationalem Niveau,

Nimools  op kommunalem Niveau.

 

Maurice:

Demokratie ass keng Selbstverständlechkeet.

Angscht ass de grousse Feind vun der Demokratie:

Angscht net méi iwwer d’Ronnen ze kommen.

Angscht net méi mat ze kommen,

op der Säit leie gelooss ze ginn.

Angscht virun der Zukunft,

Angscht, datt et senge Kanner nach méi schlecht goe wärt, ewéi engem selwer…

Dës Ängscht dreiwen d’Leit bei déi Riets.

Dës Ängscht doen se d’Lige vu Riets gleewen.

An déi Riets an d’Populiste wëssen dat,

Si spillen domader, notzen et aus.

Et ass eis Aufgab dogéint firzegoen.

Mär därfen net nokucken,

mär musse reagéieren,

Alternativen ubidden an op d’Probleemer vun de Leit agoen.

Mär mussen de Leit Perspektive weisen,

Mär mussen de Leit ërem Hoffnung maache

Hoffnung fir muar!

 

Taina:

De Leit erem Hoffnung maachen, heescht :

hinnen d’Angscht ewech huelen.

De Leit weisen,

datt et e bessere Wee gëtt, e Wee an eng besser Zukunft.

Dat kënne mer awer nemmen all zesummen maachen –

d’Gesellschaft muss duerfir zesummen halen,

solidaresch sinn.

Duerfir  därfe mär de Rietsen

op kee Fall den Terrain iwwerloossen,

weder online,

nach op de Stroossen,

nach an eiser Chamber.

An dowéinst maache mär,

d’LSAP,

eng amibitiéis Politik,

fir d’sozial Gerechtegkeet,

fir d’Gläichheet,

fir eis Demokratie,

fir eis Wäerter .

Ni mat Riets ass keng Floskel

et ass eng Iwwerliewensfro fir eis Demokratie!

Facebook
Email
WhatsApp