Ouverture vun der Chambersessioun 2016/2017

Den 11. Oktober 2016 gouf, ewéi all Joer um zweeten Dënschden am Oktober, déi nei Chambersessioun offiziell opgemaach.

Ganz uewen op der Prioritéitelëscht vun deenen 13 LSAP-Deputéierten wäerten, esou gutt um Niveau vun der Chamber ewéi am Kader vun der Dräierkoalitioun, an deenen nächste Méint d’Steierreform, de Budget fir dat kommend Joer, d’Reform vum Nationalitéitegesetz, d’Lutte géint de Chômage a géint d‘Aarmut, d’Reform vun der Verfassung, genau ewéi déi verbleiwend Regelungen zur Trennung vu Kierchen a Staat stoen.

Weider wichteg Themae wäerten e.a. d’Flüchtlingsfro, d’Reform vun der „autorité parentale“, vun der Fleegeversécherung an de Logement sinn.

Facebook
Twitter