A wéiwäit ass an den Ae vun der Madamm Justizminister d’Responsabilitéit vun engem Notaire engagéiert, deen eng net gesetzkonform Dispositioun am Kontrakt stoe léisst, déi am Fall vun enger Faillite vum Promoteur dozou féiert, dass de Client fir Aarbechte bezuelt huet, déi net gemaach goufen?

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir de Konsumenteschutz an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

En Artikel vum 2. Mee 2024 op reporter.lu beliicht d’Hannergrënn vun enger Geriichtsaffaire, déi eng Rei grondleeënd Problemer vum Immobiliemarché beim Verkaf a Finanzement vu Wunnengen op Plang, de sougenannte “VEFA” visibel mécht. Konkret geet et em de Virworf vun enger Gesellschaft, déi am Fall vun enger Faillite d’Fäerdegstelle vum Bau garantéiert, géint e Promoteur, deen dem Keefer Aarbechten a Rechnung gestalt hat, déi guer net gemaach gi sinn. D’Gesellschaft déi klot, geet vun enger Surfacturatioun vun iwwer 40% aus.

Méi generell schéngt et ganz üblech ze sinn, dass Promoteure vun de Keefer vun enger VEFA Finanzéierungstranchen afuerderen als Virschoss fir Aarbechten, déi réischt solle gemaach ginn, obwuel d’Gesetz vun 1976 dat d’VEFA reegelt, respektiv de Code civil dat net erlaben. Laut Gesetz däerf eng Finanzéierungstranche réischt nom Ofschloss vun den Aarbechte gefrot ginn, déi domat bezuelt ginn. Dem Artikel vu reporter.lu no ass et awer net sielen, dass am Kontrakt fir de Kaf vun enger VEFA dra steet, dass déi Sue wärend den Aarbechte fälleg ginn an dass d’Notairen dat duerchgoe loossen.

Eng weider Praxis schéngt et ze sinn, dass Promoteure Suen, déi se fir d’Aarbechten un engem Bau kréien, fir en aneren Zweck benotzen. Hei gëtt eng feelend Kontroll bemängelt.

An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Minister fir de Konsumenteschutz an un d’Madamm Justizminister stellen:

  • A wéiwäit ass an den Ae vun der Madamm Justizminister d’Responsabilitéit vun engem Notaire engagéiert, deen eng net gesetzkonform Dispositioun am Kontrakt stoe léisst, déi am Fall vun enger Faillite vum Promoteur dozou féiert, dass de Client fir Aarbechte bezuelt huet, déi net gemaach goufen?
  • Falls dat net en eenzelne Feeler, mä sou wéi de reporter-Artikel et duerstellt, eng Form vu “complaisance” vun de Notairen duerstellt, wéilt d’Madamm Justizministesch eventuell en Appell un d’Chambre des Notaires maachen, fir des Praxis net méi ze toleréieren?
  • Wéi kéint an den Ae vun der Madamm Minister fir de Konsumenteschutz an Zukunft garantéiert ginn, dass Suen, déi e Client fir säi Projet bezilt, net fir aner Zwecker gebraucht ginn? Wat fir eng Kontrollméiglechkeete gëtt et hei? Ass et an den Ae vun der Madamm Minister noutwendeg, de gesetzleche Kader an deem Sënn unzepassen?

Mat déiwem Respekt,

Paulette Lenert – Deputéiert

Facebook
Twitter