Fakten am Dossier Klimabonus-Subsiden

Chronologeschen Aarbeschtoflaaf am Dossier Klima-Subsiden:

Enn Abrëll: D’LSAP huet eng Motioun vun de Piraten ënnerstëtzt fir déi Delaien, déi an dësem Projet de loi virgesi sinn, ze verlängeren. Déi Motioun gouf vun der Majoritéit ofgeleent mam Argument, dass d’Regierung sécher mat Zäit kéint en iwwerschaffte Subsideregimm virleeë.

8. Mee:

-> Dëse Projet de loi gouf den an der Kommissioun diskutéiert.

-> Och zu deem Zäitpunkt gouf et nach keng Äntwert op d’Fro, wéi et nom 30. Juni sollt mat de Subside weidergoen. Trotzdeem gouf et e klore Refus vun der Regierung, fir de Delai fir déi méi héich Subsiden ze verlängeren.

22. Mee:

-> Wéi d’LSAP de Rapport um 22. Mee vum 8. Mee ugeholl hunn, war eisen Informatiounsstand nach net besser.

11. Juni:

Am État de la nation huet de Premier Luc Frieden den neie Klimabonus Regime virgestallt deen ab dem 1. Oktober dëst Joer soll gëllen.

->Bis dohin war net kloer wat tëschent dem 1. Juli an 30. September passéiert.

-> Dozou sot de Premier: “Bis dohinner wäerten déi aktuell Reegele gëllen, wann d’Chamber domat d’Accord ass.

-> Natierlech ass d’Chamber domat d’Accord! Zumindest d’Oppositioun, déi jo eng Verlängerung gefuerdert hat!

 

Wat ass elo nom Luc Frieden senger Ried den 11.6 passéiert:  Näischt!

-> Datumer ginn net mat Amendementer am Projet de loi ugepasst. Obwuel et déi einfachst Variant ouni vill Aarbecht an Zäitverloscht gewiescht wier.

 

26. Juni:

->Den Ëmweltminister huet bestätegt, dass den Top Up vun 12,5% bestoe bleift bis den 30. September wat mir begréissen.

-> Den Top Up gëtt och réckwierkend bis den 30. Juni verlängert.

-> Mir waarden also elo op en neie Projet de loi deen déi selwecht Bestëmmunge bis Enn September verlängert, an natierlech op e Projet de loi, deen de neie Regimm ab Oktober festleet.

-> Freet sech just, wéini déi solle gestëmmt ginn? D’Chamber huet lo nach zwou Sëtzungswoche bis den 11. Juli virgesinn. Duerno ass am Prinzip Paus bis den 8. Oktober…

 

Déi fir d’Bierger wierklech wichteg Froe wéi: Wat kascht dat? Kann ech mir dat leeschten? A wat bréngt dat um Enn?

-> Ma d’Héicht vun de Subside spillt an deem Kontext eng ganz wesentlech Roll.

Op all déi Froe kann d’Regierung senge Bierger keng Äntwert ginn, erwaart awer vun hinne d’Energetesch Transistioun aktiv matzedroen.

 

Facebook
Twitter