Frank Bourgnon
Idade: 49
Profissão: Enseignant
🇱🇺

Eise Spëtzekandidat, de Frank Bourgnon, huet seng Jugend zu Basel (CH) verbruecht, wou hien 1973 op d’Welt komm ass. Hie wunnt zënter 15 Joer an eiser Gemeng, aktuell zu Menster. Hien ass Papp vun zwee Kanner.

De Frank schafft als Ekonomie’s Professer am Lycée zu Jonglënster. Hien huet Management zu Lausanne an North Carolina studéiert an Droit zu Stroossbuerg.

Hien ass zënter 2017 Gemengeconseiller. Wärend deene leschte 6 Joer huet hien aktiv als Member vun der Majoritéit dozou bäigedroen eis Gemeng weiderzëentwéckelen an huet sech un all de Projeten bedeelegt déi Betzder erlaabt hunn eng Gemeng ze ginn, déi op d’Besoine
vun hiren Awunner ageet.

De Frank ass immens sportlech; an eiser Gemeng ass hien zënter 10 Joer Member vum Tennis Club Roodt an hëlt reegelméisseg um Interclub Championnat deel. Hien ass Jugendtrainer beim FC Syra Mensdorf. Hien ass och Arbitter bei der Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF), dovun zënter 15 Joer um héchsten Niveau.

Fir déi nächst Legislaturperiod engagéiert de Frank sech fir mat der selwechter Haltung weiderzefueren: couragéiert an ambitionéiert. Am Mëttelpunkt vu sengem politeschen Handele stinn nei Projeten, déi sech fir d’Solidaritéit an eng Verbesserung vum Zesummeliewen staark maachen, genau sou wéi eng Verbesserung vun der Offer vun de Fräizäitaktivitéiten, der Nohaltegkeet an der Liewensqualitéit vun de Bierger:innen.

🇫🇷

Notre tête de liste, Frank Bourgnon a passé sa jeunesse à Bâle (CH) où il est né en 1973. Il réside dans notre commune depuis 15 ans et habite Mensdorf. Il est père de deux enfants.

Frank travaille comme enseignant en Sciences économiques au lycée à Junglinster. Il a étudié le management à Lausanne et en Caroline du Nord et le droit à Strasbourg.

Il est Conseiller communal depuis 2017. Au cours des six dernières années, il a activement contribué en tant que membre de la majorité, au développement de notre commune et à l’ensemble des projets qui ont permis à Betzdorf de devenir une commune qui répond aux besoins de ses habitants. 

Frank est très sportif, dans notre commune, il est membre du comité du Tennis Club Roodt depuis 10 ans, et participe régulièrement au championnat Interclub. Il est aussi entraîneur des jeunes au FC Syra Mensdorf. Il est également arbitre de la Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF) où il officie au plus haut niveau, depuis une quinzaine d’années. 

Pour la prochaine législature, Frank s’engage à poursuivre dans le même état d’esprit : courageux et ambitieux. Il compte accentuer les efforts de la commune dans de nouveaux projets de solidarité et d’amélioration du « vivre ensemble », Il renforcera l’offre de loisirs et placera le développement durable et la qualité de vie des citoyens au cœur de son action politique.