Marie-Claire Ruppert
Idade: 57
Profissão: Educatrice / Beroderin bei der ADEM
🇱🇺

D’Marie Claire ass opgrond vu senge villen Erfarungen a senge Wäerter als Spëtzekandidatin bei de Sozialisten ausgewielt ginn. Hat wunnt zënter 16 Joer an eiser Gemeng an ass Mamm vu véier Kanner an zënter e puer Méint och Bomi vum klengen Ellie. D’Marie-Claire wunnt zu Ouljen mat sengem Mann, dem Pol Meyers.

D’Marie-Claire ass ganz engagéiert an eiser Gemeng: hatt ass Sekretärin vun der Sozialkommissioun an drëtten Alter, Member vun der Nohaltegkeetskommissioun a Vizepresidentin vun eiser LSAP-Sektioun.

Zënter 2010 ass d’Marie-Claire Beruffsberodin bei der ADEM zu Waasserbëlleg. Mat Hëllef vu sengen Erfarungen a sengem Wëssen begleet hatt d’Leit duerch déi heiansdo net einfach Situatiounen. A sengem Beruffsliewen huet hatt och laang Joere geschafft am landwirtschaftleche Secteur, am Beräich vun der erneierbarer Energiegewannung an als Educatrice am Institut St Joseph zu Betzder an zu Réimech. 

Hei huet d‘Marie-Claire vill Projeten realiséiert déi zum Wuelbefannen, zur Gläichsetzung an zur Inclusioun vu Leit mat enger Beanträchtegung bäigedroen hunn. 

D’Marie-Claire engagéiert sech fir eng modern Sozialpolitik. Hatt konzentréiert sech op de Logement, d’Gesondheet,  d‘Integratioun, d’Mobilitéit, de Respekt fir d’Natur an d’Ëmwelt. 

Empathie, Authentizitéit a Versteesdemech si Wäerter déi fir hatt essentiel sinn.

🇫🇷

Marie-Claire a été choisie comme tête de liste des socialistes, pour sa grande expérience et ses valeurs. Elle réside dans notre commune depuis 16 ans. Elle est mère de 4 enfants et, depuis quelques mois, grand-mère d’une petite Ellie. Marie-Claire habite à Olingen avec son mari Pol Meyers.

Marie-Claire est très engagée au sein de notre commune. Elle est secrétaire de la Commission des Affaires sociales et du troisième âge, membre de la Commission pour le développement durable et vice-présidente de notre section LSAP. 

Depuis 2010, Marie-Claire est Conseillère auprès des demandeurs d’emploi à l’ADEM de Wasserbillig. Elle guide les personnes en situation souvent délicate grâce à son expérience et à son savoir-faire, qu’elle a acquise au cours de son parcours dans le secteur agricole et comme éducatrice à l’Institut St Joseph à Betzdorf et Remich. Elle y a réalisé de nombreux projets dans l’intérêt du bien-être, de l’égalité et de l’inclusion des personnes à besoins spécifiques.

Marie-Claire s’engage pour une politique sociale moderne. Elle mettra l’accent sur le logement, la santé, l‘intégration  et la mobilité, dans le respect de la nature et l’environnement. 

Empathie, authenticité, compréhension et respect des autres, sont des valeurs qui lui sont essentielles.